Ëffentlech Ausschreiwungen

An de leschte Joren ass et ëmmer méi dacks virkomm, datt ëffentlech Entitéiten an hire Beschafungsprozesser 3 bis 5 Referenze vu Projeten an änlecher Gréisstenuerdnung aus de leschten 3-5 Joer verlaangen. E konkreete Beispill ass d’Installatioun vun 850 WLAN-Zougangspunkten. Dës Praxis féiert dozou, datt lëtzebuergesch Acteuren, déi eventuell gutt qualifizéiert sinn, fir déi gefuerdert Déngschtleeschtungen unzebidden, automatesch disqualifizéiert ginn, well de lëtzebuergesche Maart ze kleng ass fir esou vill Referenzen ze sammelen. Dëst steet am Widdersproch zu eisem Zil, lëtzebuergesch Kleng- a Mëttelbetriber ze fërderen, an et ass kloer, datt den ëffentleche Secteur seng Beschafungsstrategien iwwerdenke muss.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Ass d’Ministesch sech bewosst, datt dës Praxis dacks zu enger Benodeelegung vu lëtzebuergesche Betriber féiert, besonnesch am Beräich vun neien Technologien?
  2. Wéi gedenkt d’Ministesch dëser Problematik entgéintzewierken a méi Chancëgläichheet tëscht nationalen an internationale Betriber bei ëffentlechen Ausschreiwungen ze garantéieren?
  3. Gëtt et Pläng fir e beschleunegte Verfaren (“fast-track scheme”) fir kleng a mëttelgrouss Betriber anzeféieren, fir hinnen d’Participatioun un ëffentlechen Ausschreiwungen ze vereinfachen?
  4. Wéi eng konkret Moossname kéinte geholl ginn, fir d’Hürde fir lëtzebuergesch Betriber bei ëffentlechen Ausschreiwungen ofzebauen, ouni d’Qualitéit vun de Prestatiounen ze kompromettéieren?
  5. Gëtt et Pläng fir d’Beschafungsprozesser ze iwwerschaffen, fir d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg ze stäerken an inländesch Acteuren ze encouragéieren, un ëffentlechen Ausschreiwungen deelzehuelen?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt