Dépôt d’une proposition de loi par M. Sven Clement

Merci Här Président. Ech hunn tatsächlech d’Wuert gefrot, fir eng
Proposition de loi ze deposéieren.
Wéi mer alleguerte wëssen, hu mer um Wunnengsmaart eng méi wéi nëmme prekär Situatioun. D’Präisser kennen u sech just eng Richtung, dat ass déi no uewen. D’Wunne gëtt ëmmer méi deier. An u sech war esou eis Opfaassung, wéi mer eis mat där ganzer
Fro beschäftegt hunn, datt Indexéierung vu Loyer net
kéint sinn! Mir sinn dunn och e puer rezent Arrête vun
de Geriichter kucke gaangen, déi och alleguerten där
nämmlechter Meenung sinn, datt u sech d’Indexatioun vu Loyere keng direkt Valeur ajoutée bréngt.
An zu eisem groussen Erstaunen, wéi mer eis dunn
awer d’Gesetzer duerchgelies hunn a virun allem de
Code civil, mee awer och d’Gesetz vum 21. September 2006 iwwert de Bail à usage d’habitation, hu mer erausfonnt, datt et tatsächlech nach d’Méiglechkeet
gëtt, fir Clause-de-valeuren an d’Kontrakter ze schreiwen. De Legislateur deemools huet gesot, datt u sech
eng Indexatioun net gewënscht wär – dat steet am
Commentaire des articles –, mee am Artikel selwer,
zu menger grousser Surprise, stoung dran, datt eng
Clause de valeur eréischt ongëlteg gëtt ab där éischter Period no der Denonciatioun vum Locataire.
Dat heescht: Mir wëssen alleguerten, mir sinn an
enger prekärer Wunnengssituatioun, d’Leit ënnerschreiwen e Bail à usage d’habitation, fir iwwerhaapt emol en Daach iwwert dem Kapp ze hunn,
akzeptéieren eventuell bei der Signature, datt se
eng Indexatioun an deem Kontrakt stoen hunn, wuel
wëssend – oder och net wëssend –, datt déi Indexatioun u sech illegal ass. An eréischt wa se dann drop
opmierksam ginn, datt se u sech kënnen déi Clause
de valeur denoncéieren, gëllt et da fir déi nächst
Period vun hirem Kontrakt. Wat, jee nodeem, wéi de
Kontrakt opgestallt ass, nach eng Kéier eng ganz gutt
Zäitche ka sinn.
Et si ganz kleng Ännerungen un engem Gesetz, souwuel am Code civil, also deen Artikel bäizesetzen,
deen d’Indexatioun grondsätzlech géif verbidden.
An eng zweet wär eeben déi Fro vun der Denonciatioun ze sträichen am Gesetz vun 2006 iwwert d’Bails
à usage d’habitation, fir et esou eeben ze maachen,
datt d’office all Indexatioun vun engem Bail à usage
d’habitation verbuede wär! Kee Besoin méi fir eng
Denonciatioun, kee Besoin méi, fir déi nächst Period
ofzewaarden. Nee, mir als Chamber géife kloer soen,
wa mer déi heite Proposition de loi géife stëmmen,
datt eng Indexatioun vu Loyere verbuede gëtt, datt
dat net an d’Tut kënnt.
Ech mengen, datt dat och am Interêt vun all eisen
anere steierleche Moossnamen ass, déi mer am Kader vu Bailleure maachen.
An da vläicht eng aner Remark: Wéi mer dat Ganzt
hei nogekuckt hunn, ass eis nach eppes opgefall,
an dat ass, datt de Fonds du logement haut en Deel
vu sengem Loyer direkt indexéiert. De Fonds du logement, dee grad fir déi prekäerste Leit Wunnengen
zur Verfügung stellt, deen hëlt dee Moment, wann
eng Indextranche kënnt, direkt en Deel vun där Indextranche erëm zréck iwwer eng Erhéijung vun de
Loyeren!
Dat si vläicht just e puer Euro. Fir jiddweree vun eis
heibanne kléngt dat no e puer Euro. Dat ass ee gutt
Mëttegiessen. Dat ass vläicht fir Verschiddener och
just den Aperitif oder den Digestif. Mee a Wierklechkeet ass dat fir déi Leit, déi do betraff sinn, wann dat
30 Euro sinn de Mount méi, fatzeg vill Geld! A se wëssen net, wou se déi um Enn vum Mount solle fannen.
An ech mengen, dat heiten ass elo en éischte Schrëtt,
fir et generell ze verbidden. Mee ech mengen, datt
mer och nach eng Kéier …, an dat ass leider e Règlement grand-ducal, wou d’Chamber also net kann
d’Ännerung maachen, mee dofir da mäin Appell un
déi dräi Ministeren, déi zwou Ministeschen an deen
ee Minister, déi nach vis-à-vis vu mer sëtzen: Kuckt
Iech de Règlement grand-ducal vum Fonds du logement nach eng Kéier un! Kuckt Iech un, wat do wierklech geschitt mat de Leit, déi eng Indexatioun vun
hirem Loyer hunn, an iwwerleet Iech, ob dat nach
zäitgeméiss ass an där Wunnsituatioun, déi mer haut
hunn.
Här President, ech iwwerreechen Iech meng Proposition de loi.
Merci!
8008 – Proposition de loi portant sur l’interdiction de l’indexation des prix du loyer et modifiant la loi modifiée du
21 septembre 2006 sur le bail à usage d’habitation et modifiant certaines dispositions du Code civil
M. Fernand Etgen, Président | Merci villmools, Här
Clement.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt