M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Fir
d’éischt och emol alles Guddes fir Äre Gebuertsdag! Et
war jo schonn e bësse Stëmmung heibannen. Ech probéieren dat awer elo e bësse méi konstruktiv duerchzebréngen. Och fir Iech e schéinen, agreabele
Gebuertsdag!
Ech wäert fir d’éischt op d’Weltsituatioun, dann op
d’Situatioun hei am Land agoen an duerno op déi
eenzel Léisungsvirschléi.
Ech mengen, et ass schonn e puermol ugeklongen: Et
ass duerch d’Ukrain, duerch de Krich, den Ugrëffskrich,
dee Russland gefouert huet, wou déi Pëtrolspräisser
explodéiert sinn. Virdru ware se scho volatill. Kuckt een
awer elo op déi lescht 14 Deeg zréck, wat do op den
eenzelne Boursse weltwäit geschitt: Gëschter Owend si
se ëm 10 % gefall, elo de Mëtteg si se erëm 5 % erop.
Also se sinn immens volatill. Virdrun hu se gesot,
Krypto wär volatill. An der Tëschenzäit ass den Ueleg
méi Spekulatioun gi wéi déi eenzel Kryptoen. Dat
heescht, dat däerf een och net um ganze Weltmarché
vergiessen.
Et ass awer och eng Diskussioun, déi mir Piraten net
wëlle féieren, fir ze soen: „Kuckt, wéi schlecht déi eng
et an der Ukrain hunn oder déi aner hei!“ Nee.
Natierlech muss een de Leit an der Ukrain hëllefen. Et
däerf een awer net déi aner hei vergiessen! An et
däerf een och net de Leit soen hei: „Nee, Dir musst
elo eens ginn, mir hëllefen deenen aneren.“ Dat ass einfach eppes, wat een net soll ze vill matenee vermëschen a scho guer net géigeniwwerstellen.
Zousätzlech derbäikomm ass, dass an der aktueller
Situatioun den Dollar immens héich ass, soudass dat
och nach eng Kéier géint déi ganz Produite gespillt
huet an eis Energie nach eng Kéier méi deier ginn
ass. Doduerch, dass Amerika awer elo e klengen
Embargo gemaach huet an net méi de russesche
Pëtrol huet, hate mer eng kuerz Hausse, déi jo awer
elo zimmlech ofgefiedert ginn ass. A bon, d’OPECLänner wäerte sech vläicht nach eng Kéier rëselen a
méi op de Marché bréngen.
Dat elo emol zur Weltpolitik, wou eigentlech mäi Message sollt sinn, dass dës Regierung net un allem schold
ass an och mir als Parlament net alles beaflosse kënnen. Well alles, wat ech bis elo opgezielt hunn, wäerte
mir haut an der Chamber an och an nächster Zukunft
net esou schnell änneren.
Et sinn awer déi ganz kleng Saachen, déi mer kënnen
hei am Land änneren. A bon, mir Piraten si bekannt
derfir, dass mer eigentlech méi Ëmweltschutz wëllen
an och e Pëtrolspräis bei eis net Dumping soll sinn.
Mee mir sinn awer och do ganz éierlech, an dat ware
ganz vill Diskussiounen, déi mer och parteiintern déi
lescht Deeg haten, dass eisen Idealismus fir eng méi
konsequent Ëmweltpolitik an der aktueller Situatioun
de Leit hei am Land et awer net erméiglecht, fir – soe
mer – mat engem normale Salaire kënnen iwwert de
Mount ze kommen.
Et ass sécherlech jo och eis Vue gewiescht, dass mer
aus dem fossille Brennstoff mussen eraus, an dat och
iwwer eng Präishausse. Dofir hate mir jo dee Klimabonus virgeschloen, dass ee mat deenen 8 Tonnen
CO2, a wat een driwwer verbraucht, och mat 2, 3 Euro
de Liter … Mee de Klimabonus ass net do. Deementspriechend ass et och elo schwiereg, wann elo d’Pompel 2 Euro verlaangt. Et ass e bëssen ze schnell gaangen. D’Visioun muss sinn, dass mer erauskommen,
mee et ass elo ze schnell gaange mat den Haussen.
Derbäi kënnt, mir hätten als Piraten jo gären, dass déi
meescht Leit Elektro fueren. Do sti mir och nach ëmmer derzou. Mee zum Beispill: Déi sinn net liwwerbar,
wou mer da schonn op engem Problem sinn, wou
d’Leit am Moment, elo wou de Pëtrol esou deier ass,
net einfach hir Situatioun kënne verbesseren. Si kënnen och net einfach eng Heizung muer ëmbauen. Gitt
emol bei en Handwierker froen, wivill Zäit dass ee
brauch! Gitt emol bei Solaranlage kucken! Dat ass am
Moment de Problem.
Dofir hu mir eis an de leschten Deeg och Gedanke gemaach, dass een elo muss déi Direkthëllefe bréngen,
dass een elo direkt muss de Leit eppes ginn, zum 1.
Abrëll, fir dass direkt eppes do ass. An ech hat och do
Luef ausgeschwat dem Här Turmes an der Madamm
Cahen, wéi mer hei d’Energieprimm presentéiert kritt
hunn, plus de Gas.
De Problem ass, also de Moien, wéi mer d’Recherchë
gemaach hunn … Den Här Hahn huet elo gesot: „Beim
Familljeministère kann een déi ufroen“, mir kruten hei
versprach, um guichet.lu – do ass nach näischt! Also
mir hunn näischt fonnt. Dunn hunn ech schnell um Familljeministère gekuckt, wéi den Här Hahn dat gesot
huet – do hunn ech och näischt fonnt. Dat heescht,
d’Leit sëtzen e bësse ratlos do, well se kréien hir
Energieprimm nach net. D’Regierung huet se zwar versprach, déi Kommissiounssëtzung war d’lescht Woch.
Mir kruten hei gesot: guichet.lu. Et ass nach näischt do!
Dat ass e bëssen de Problem.
Dat selwecht beim Gas: Jo, do gëtt elo d’Netz –
wierkstruktur erausgeholl – den Här Turmes kann et jo
herno soen –, mee da wäerte mer herno beim Mee
landen. D’Leit brauchen et awer elo! Elo sinn d’Haussen do, elo mussen d’Leit hire Bensinn an Diesel bezuelen,
fir kënnen op d’Aarbecht ze fueren. Well wa se net méi
op d’Aarbecht fueren, hu se e ganz anere Problem
herno. Dat ass de Problem. D’Leit mussen elo hir
Rechnunge bezuelen, déi se doheem hunn. Dat ass de
Problem!
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!
M. Marc Goergen (Piraten) | Wa mir waarden op déi
aner Gesetzer, déi jo schéin a gutt sinn, déi mir Piraten
och ënnerstëtzen, mee et kënnt einfach ze spéit! Dat
ass de Problem! An dofir fannen ech e bëssen, dass et
schlëmm ass, dass d’Regierung berodungsresistent ass
op deem Punkt an elo net agesäit, dass haut, de
Moment, elo eppes misst geschéien. Mir soe jo net,
dass dat eppes Risegrousses vu Millioune misst sinn,
mee dass Der elo konkreet de Leit ganz schnell kéint
hëllefen.
D’Tripartite, déi ënnerstëtze mir voll a ganz. Mee och do
ass et erëm: Bis de Rendez-vous ass, bis do Resultater
do sinn, mussen d’Leit awer hir Rechnunge bezuelen.
Et ass eigentlech ganz banal. An ech mengen, dat musse mir als Politiker och emol eng Kéier erfaassen, dass
déi Leit dobaussen net einfach kënne soen: „Ech huele
vun iergendengem Spuerkont nach iergendeppes,
dann iwwerbrécken ech dee Mount“, well hire Spuerkont ass scho laang eidel, well et si jo net nëmmen
d’Energiepräisser, déi an d’Luucht gaange sinn.
An en anere Problem, wou mer wäerten hikommen,
wou ech mer och e puer Suerge maachen, sinn eis Gemengen herno, well deene lafen d’Energiepräisser fort,
wouduerch dann herno och nach d’Constructioune
wäerte fortlafen! Dat heescht, dat Ganzt ass eigentlech
eng Verkettung. A wa mer net iergendwéi awer schnell
reagéieren, wäerten eis Bierger och nach eng Kéier belaascht ginn op de Gemengen, well déi mussen dat jo
och iergendwéi finanzéieren. Dir kënnt jo elo net soen:
„Mir ginn d’Poubellen net méi eidel maachen, den
Diesel ass ze deier.“ Oder: „Mir bauen eng Schoul net.“
Ech mengen, dat muss een och, d’Inneministesch muss
sech och elo emol e puer Gedanke maachen, wéi mer
do d’Gemenge kënnen ënnerstëtzen.
A virdrun huet den Här Benoy et ugekënnegt hei, dass
eenzel Gemengen elo Primmen aféieren. Dat fanne mir
Piraten guer net gutt. Et kann net sinn, dass een herno
dee Glécklechen ass, deen an enger Gemeng wunnt,
déi e grousse Budget huet, déi dat ka maachen, an
dass een da gehollef kritt.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz richteg!
M. Marc Goergen (Piraten) | Au contraire! Dat muss
staatlech sinn! Et kann een net heihinnerkommen a
soen: „D’Gemenge mussen eppes maachen!“, an op
där anerer Säit als Regierungspartei seet een: „Mir
maachen näischt.“ Well et sinn net d’Gemengen, déi
dat solle maachen. Et ass net, dass een herno d’Chance
muss hunn, an enger gudder Gemeng ze wunnen, déi
Budget iwwreghuet, fir dass ee gehollef ka kréien! Dat
ass eppes, wat mir als Piraten guer net verstinn. Do
muss eng national Politik agräifen an net eng
Gemengepolitik!
M. Michel Wolter (CSV) | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | Bon, den Index hat ech
mer nach opgeschriwwen. Et gi jo ëmmer méi Diskussiounen, an ech hoffen, dass dat just Rumeure sinn,
dass den Index elo iergendwéi mat den Energiepräisser sollt verännert ginn. Also ech dinn dat als
Rumeuren of, well mir Piraten ganz kloer soen: Dat
kënnt mat eis net a Fro! Wann d’Energiepräisser elo
an d’Luucht ginn, da muss dat duerch den Index kompenséiert ginn, egal wat do verhandelt gëtt. Dat ass
eis ganz kloer Meenung.
De Staat ass jo de grousse Gewënner. De Sven
Clement hat et gëschter op Twitter jo ganz genau
ausgerechent: 18,93 Cent zënter dem 1. Januar, wou
se elo méi ageholl hunn, zum Beispill um Diesel. Mee
se hunn awer och 30 Millioune méi TVA ageholl um
Diesel. An esou weider!
Dat ass e bëssen …, et muss een e bëssen oppassen,
well u sech ass de Verléierer de Bierger op där enger
Säit an op där anerer Säit huet een awer de Staat, deen
duerch seng Recetten de grousse Gewënner ass. Ech
mengen, et ass och dat, wat dobaussen e bëssen zum
grousse Verdross féiert, wou d’Leit dann einfach net
méi kënne verstoen, dass e Staat, dee jo eigentlech fir
si do ass, deen do ass, fir dass si sollen hiert Liewe
kënne bequeem féieren, dass deen eigentlech de
Gewënner ass an der aktueller Kris. A wa si tanke ginn,
a mir kënne jo awer … Ech mengen, zu Péiteng war
gëschter alles voll, d’ganz Haaptstroossen. A Rodange,
o Mamm, et war Chaos, wéi nëmmen eng Hausse ugekënnegt ginn ass! Dat heescht, et huet een awer ganz
kloer gesinn, dass de Besoin vun de Leit do ass!
Zu eisen dräi konkreete Motiounen a Proposen, déi
mer elo matbruecht hunn: Dat ass fir d’éischt, dass
mer eis geduecht hunn, fir ganz schnell kënnen ze
reagéieren, dass mer d’Frais de déplacement op 115
Euro pro Unitéit sollen eropsetzen, fir dass esou jiddereen direkt ka gehollef kréien.
M. Marc Goergen (Piraten) | Dat kënne mer ganz
schnell ëmsetzen, sief et iwwer en negative Steierkreditt, sief et iwwer eng aner Bonifikatioun. Also dat ass
machbar.
(Interruption)
Ech mengen, d’LSAP huet d’Iddi jo bruecht. Dir kënnt
mech elo nach eng Kéier froen. Mir hunn déi Iddi opgegraff, well se eis ganz sympathesch ass.
M. Yves Cruchten (LSAP) | Mir hunn eis déi do Fro jo
och gestallt. Mir hunn eis déi selwecht Fro jo och gestallt, Här Goergen.
M. Marc Goergen (Piraten) | Mir hate jo eng länger
Diskussioun an der Partei driwwer. Mir hunn och dofir
gesot: Mir maachen awer e Barème zumindest fir ze
stabiliséieren. An eis Iddi war eigentlech, iwwer eng
negativ Steier dat direkt op där nächster Lounzuelung
ze maachen. Wann awer elo d’Regierung eng besser
huet wéi mir kleng Deputéiert, si mir natierlech direkt
oppen, fir do eng besser Léisung ze fannen. Also ech
mengen, dorunner soll et net hänkebleiwe bei eis. Mir
zwee hunn do begrenzt Moyenen, wou mir kënne
Recherchë maachen. Dir als Regierungspartei hat do
sécherlech en aneren Effectif hannendru wéi deen, dee
mir haten.
Dann déi drëtt Iddi, dat ass d’Subventioun vum Loyer,
dass mer déi elo ganz schnell verduebelen. De Grond
ass ganz einfach: Wann ee Locataire ass, huet een net
d’Wiel. Et kann een net einfach soen: „Ech maachen
eng energeetesch Renovatioun.“ Et ass een e bëssen
ofhängeg vum Proprietär. A wann d’Energieklass ganz
schlecht ass do, wou een dra gelount huet, dann hat
een – op gutt Lëtzebuergesch gesot – am Moment einfach Pech! Dofir ass eis Propos, dass een do ganz
schnell higeet an déi einfach verduebelt.
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, den Här Kersch hat
eis jo eng Fro gestallt, dofir wollt ech kuerz drop
äntweren. Nee, Här Kersch, ech hat och d’Ried net virbereet. Ech hu meng Kritzeleien hei. Ech hat nämlech
gehofft, dass d’Regierung eppes géif presentéieren,
wourobber ech kéint reagéieren. Mee ech hat awer
näischt op mäi Blat dovunner kritt, well d’Regierung
näischt Konkreetes gesot huet.
Zur Tripartite, ech hat et och eng Kéier ugedeit, do sti
mir natierlech ganz kloer derhannert, mee et ass
eeben d’Fro vum Datum a wéini dass eppes geschitt,
well d’Leit et elo brauchen.
M. Sven Clement (Piraten) | Très bien!