Déclaration de M. Franz Fayot, Ministre de la Coopération et de l’Action humani­ taire, sur la politique de coopération au développement et de l’action humanitaire

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol soen ech dem Minister Merci fir seng ausféierlech Erklä- runge gëschter Mëtten, mee awer och fir déi 23 Ac- cord-cadren, déi dëst Joer da konnten ënnerschriwwe ginn an déi elo a Kraaft trieden.

Och dëst Joer nämlech wäert en ustrengend Joer fir d’Kooperatioun an d’Acteuren um Terrain ginn. Wéi de Minister richteg sot, ass d’Luucht um Enn vum Tunnel erëm e bësse manner hell ginn. Et gëtt e bësse méi däischter an d’Situatioun gëtt eng méi schwéier – welt- wäit. Dat ass net nëmmen de Fall an eise Partnerlänner, dat ass och am Moment ganz akut de Fall natierlech an der Ukrain, wou ech schonn d’lescht Woch hei op dëser Plaz gesot hunn, datt mer dréngend mussen op EU-Niveau zesummeschaffe fir ze assuréieren, datt jidd- wereen do weiderhi Stroum an Hëtzt huet.

Mir Piraten begréissen, datt de Minister hei eng éischt zousätzlech Hëllef vu véier Millioune versprach huet. An ech hoffen, datt déi séier ukënnt an datt mir als Lëtzebuerg do weiderhi kënne positiv an Erschei- nung trieden.

De Krich an der Ukrain huet awer och ganz konkreet Konsequenze fir eis Partnerlänner. De Krich kann e groussen Afloss op d’Liewensmëttelsécherheet op der Welt hunn, virun allem awer a Länner, wou en Deel vun der Bevëlkerung haut schonn ënnererniert ass. Den ukrainesche President hat et a senger Ried hei an dësem Haus scho gesot: D’russesch Propa- ganda probéiert, der Ukrain d’Schold un der Liewens- mëttelknappheet ze ginn, alternativ der EU respektiv dem globalen Norden.

Mir mussen d’Ukrain an hire Beméiungen ënnerstët- zen, déi russesch Propaganda opzedecken an ze wei- sen, datt et net si, mee de russesche Regimm ass, dee schold drun ass, datt et weltwäit zu Liewensmëttel- knappheet an Energieknappheet kënnt. Och dat muss eis Aufgab als Alliéiert vun der Ukrain sinn.

Well d’Handelsorganisatioun, op déi ech och nach ze schwätze kommen, huet dann och festgehalen, datt et keng Exportlimitatiounen op Weess an Ueleg aus der Ukrain sollt ginn. Leider waren awer schonn am Juli eng 20 Länner – dorënner wichteg Exportateuren, wéi zum Beispill Indien –, déi ugefaangen hunn, Ex- portrestriktiounen op hir eege Produiten anzeféieren an domadder natierlech d’Situatioun net onbedéngt entlaascht hunn.

Et ass ganz verständlech, datt ee wëllt seng eege Po- pulatioun als Éischt emol virun enger Hongersnout schützen, mee et ass bedauerlech, datt hei Länner net méi ënnerenee kooperéieren an zesumme Léisunge fannen, fir d’Zuel u Mënschen, déi musse weltwäit Honger leiden, weider ze reduzéieren.

Här President, vum Krich an der Ukrain kommen ech dann op eng aner Kris, déi eis déi lescht Jore ge- präägt huet, nämlech d’Covidkris, déi eis awer och nach ëmmer net ganz verlooss huet. D’Covidkris ass nach net ausgestanen an et gëllt, eise Partnerlänner weider ënnert d’Äerm ze gräife mat Vaccinen, Tester a Masken. Datt Lëtzebuerg aleng mëttlerweil schonn iwwer 78.000 Dose Vaccin fir 1,4 Milliounen ewech- gepucht huet, weist, wéi ongerecht dëse verdeelt ass.

Mir hu gesinn, datt eng Ëmverdeelung vun de Vac- cinen, wa se bis hei am Land ukomm sinn, net funk- tionéiert. Dofir musse Länner, déi um Wee vun der Entwécklung sinn, anescht Accès kréien. An dofir be- gréisse mir Piraten, datt d’Welthandelsorganisatioun erreecht huet, datt d’Patentrecht op de Covidvaccine fir fënnef Joer ausgesat gëtt; och wa mer bedaueren, datt et just fënnef Joer sinn an d’Tester an anert me- dezinnescht Material net drënnerfalen.

Mir Piraten fannen et schued, datt hei kee méi cou- ragéisen Accord konnt fonnt ginn, dee virun allem méi fréi hätt kënne kommen. Ech erënnere mech gutt drun, wéi mer hei an der Chamber schonn iwwer Mo- tiounen zu deem Theema diskutéiert hunn, wou ech deelweis och nach gesot krut, datt dat alles guer net géif goen, ma elo gesitt Der, léif Kolleeginnen a Kol- leegen: D’Welthandelsorganisatioun huet et fäerdeg- bruecht.

Mir als Partei schwätzen eis zanter eiser Grënnung géint Patenter op Liewen aus. Patenter a Beräicher vu Liewewiesen, Software a Medikamenter dierft et an eisen Ae guer net ginn, respektiv streng limitéi- ert. All Mënsch soll kënnen Accès zu liewensrettende Medikamenter an domadder och Vaccinen hunn. Dat hei ass awer net nëmmen en Theema wéinst Covid- 19-Vaccinen, mee gëllt generell fir eng fair Verdee- lung vu Wëssen a medezinneschem Schutzmaterial.

Mir hätten eis hei also gewënscht, datt sech Länner wéi d’USA, England an awer och Staategemeinschafte wéi d’EU net vun der Pharmaindustrie beschwätze ge- looss hätten, mee Patenter fréizäiteg fräiginn hätten. Wie weess, wéi vill Leit mer duerch eng Vaccinspro- duktioun lokal a weidere Länner hätte kënne retten.

Well d’Zäit awer nëmmen no vir an net no hannen dréit, gëllt et dann elo, dat Bescht aus deem Accord ze maachen an de Staaten, déi wëlle selwer produ- zéieren, esou vill wéi méiglech Hëllef zoukommen ze loossen. Eng weltwäit Vaccinsproduktioun, ob am Be- räich vum Covid oder vun anere Krankheeten, kënnt eis alleguerten zegutt, well se Liewe rett an d’Ver- breedung vum Virus, an domadder och vu Mutatiou- nen, andämmt.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Lëtze- buerg huet kooperatiounstechnesch vill ze bidden: Mir sinn e Land mat Mëttelen, mir sinn e Land mat Know- how. Mir Piraten soen et op dëser Plaz alljoers: Lëtze- buerg soll dësen Knowhow weiderginn! Mir hunn a puncto Digitalisatioun Projete mat ville Länner a mir sinn duerch eis Finanzplaz international vernetzt.

Leider ass et esou, datt sech d’Kooperatioun gefillt ëmmer méi u wirtschaftlech Interessie vun eisem Land upasse muss. An dat ass ee Gefill, dat och vum Cercle, an domadder vum Terrain, gedroe gëtt.

E rezent Beispill dofir ass – an et gouf haut schonn ugeschwat – de Ruanda. Ee Land, mat deem Lëtze- buerg an Zukunft vill méi enk wëllt zesummeschaffen.

Ee Land, dat de Premier an de Kooperatiouns- a Wirtschaftsminister am Juni besiche waren a wou de Minister gëschter op dëser Plaz sot, datt bei Wäitem net alles perfekt ass an datt et Problemer a puncto Rechtsstaat a Respekt vun de Mënscherechter gëtt.

Dat ass en Discours, dee mech un eppes erënnert huet. Den CSV-Minister Frieden, deemools Finanzmi- nister, hat 2012 iwwert de Katar gesot, datt et zwar keng lupenrein Demokratie wier, mee datt ee se kéint mam Handel op déi richteg Pist bréngen. Ma, ech mengen, d’Diskussioun, elo zéng Joer méi spéit, ron- derëm d’Weltmeeschterschaft am Katar weist, datt, just mam Handel Länner derzou ze kréien, awer ier- gendwéi eppes fir Mënscherechter ze maachen, ier- gendwéi net klappt.

Et ass iwwregens och een Discours, deen e fréiere Kolleeg, also e Virgänger vum Här Wirtschaftsminis- ter – da muss ech et elo eng Kéier esou soen – och schonn eng Kéier gesot huet, wéi e gemengt huet, datt ee Russland jo als Alliéierte kéint halen, wann ee just genuch Geschäfter mat enger russescher Bank hei zu Lëtzebuerg géif maachen. Och dat ass schif- gaangen, wéi mer an der rezenter Geschicht geléiert hunn.

Wéi 2012 gleewe mir Piraten och haut net un esou Aussoen. Mir bedaueren, datt déi zweet grouss Rees vum Minister no der Debatt iwwert den eetheschen Handel dann net dat widdergespigelt huet, wat de Minister hei an der Chamber betount huet, näm- lech, datt eis Wäerter musse méi wichteg si wéi den Handel ëm all Präis.

De Ruanda ass e Land – an och dat gouf haut scho gesot –, dat vun Amnesty als Diktatur ugesi gëtt an dat mat England en Accord ënnerschriwwen huet, dee vun alle Mënscherechtsorganisatiounen, déi iergend- wéi um Terrain aktiv sinn, kritiséiert gëtt. D’Mënsche- rechter ware laut dem offizielle Communiqué vum Ministère awer nëmmen eng kleng Fousszeil, anescht wéi de Minister dat gëschter hei duergestallt huet. Well nämlech an engem Saz ginn d’Mënscherechter erwäänt, wärend duerno iwwer eelef Paragrafen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, iwwer all méiglech gemein- sam Projeten am Beräich Digitalisatioun geschwat gëtt. Ee Saz versus eelef Paragrafen!

De Cercle de coopération huet dat och no der Visitt an engem Communiqué kloer kritiséiert. Si bedaueren, datt et keng detailléiert Strategie gëtt, wat de Rôle vun de Mënscherechter an eiser Kooperatioun ugeet.

Nach eng Kéier: Mir Piraten sinn derfir, datt Lëtze- buerg dat Wësse weidergëtt, wat mer hunn. Mir sinn awer net dermat d’accord, wa Lëtzebuerg esou wich- teg Reesen net notzt, fir mam Land iwwer offensicht- lech Mënscherechtsverletzungen ze schwätzen.

An ech erënnere mech un eng aner Rees, wou ech d’Chance hat, als parlamentaresch Delegatioun mat derbäi ze sinn – an och dat Land gouf haut scho vum Lydia Mutsch ugeschwat –: de Laos, wou mer och eng Ënnerstëtzung ginn hunn, fir e Code pénal neize- schreiwen, dee weiderhin d’Doudesstrof beinhalt. Och do muss ee sech d’Fro stellen, ob een esou Projeten dann iwwerhaapt als Land ënnerstëtze sollt. Ëmmer- hin: Den Europäesche Kommissär hat deemools dann awer staark Wierder fir déi Situatioun fonnt.

An zréck bei de Ruanda. Den Accord mat England ass och esou e Fall. Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet déi éischt Deportatiounen a Richtung Ruanda gestoppt. Amplaz, datt béid Länner den Accord opgeléist hunn, deen England elo schonn 120 Millioune Pond kascht huet, ass an England d’Diskussioun entbrannt, ob een net no der EU dann och nach sollt aus der Europäescher Konventioun fir Mënscherechter austrieden.

Mir hoffen, datt den Accord tëscht England an dem

Ruanda viru Geriicht gekippt gëtt an et ni zu Auswei- sungen an dës Diktatur kënnt. Mir Piraten sinn der Meenung, datt Lëtzebuerg engem anere Land net soll virschreiwen, wat fir Accorden et ageet. Mir sinn awer fest dervun iwwerzeegt, datt den Asaz vu Mënsche- rechter bei esou enger Visitt sech muss a méi wéi engem Saz an engem Communiqué erëmspigelen.

Mir huelen de Minister dofir beim Wuert, wann e seet, datt an Zukunft en Deel vun onsem Budget dorop ver- wennt gëtt, Projeten ëmzesetzen, déi zum Zil hunn, ganz spezifesch de Respekt vun de Mënscherechter ze stäerken. De Kigani Financial Centre (veuillez lire: Ki- gani International Financial Centre), dee Lëtzebuerg jo offiziell ënnerstëtzt, ass op jidde Fall keen esou ee Pro- jet, dee sech spezifesch fir d’Mënscherechter asetzt an onofhängeg vun eise wirtschaftlechen Interesse wier.

De Ruanda ass dofir e Beispill. Et kéint een awer och vun der Visitt vum Grand-Duc zu Peking uganks dës Joers schwätzen, wou Lëtzebuerg eent vun deenen eenzegen EU-Länner war, déi e Representant dohin- ner geschéckt hunn a wou schlussendlech de lëtze- buergesche Fändel nieft deem vu China gehaangen huet.

Mir dierfe Mënscherechter net nëmmen op den Ordre du jour setzen, wann et eis passt! A mir dierfen et och net bei enger Randnotiz oder enger Foussnott beloossen. D’Piraten fuerderen dofir weiderhin, datt d’Mënscherechtsbeoptraagte konsequent op Mis- siounen ageluede ginn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir ha- ten hei an der Chamber virun net allze laanger Zäit eng Aktualitéitsstonn zum Theema Wirtschaft a Ko- operatioun an d’Fro, ob mer wierklech nach mat alle Länner sollten zesummeschaffen an Handel bedrei- wen.

D’CONCORD, d’europäesch NGO confederation of Re- lief and Development, huet viru Kuerzem eng Studie publizéiert, déi opgrond vu verschiddene Facteuren d’Kooperatiounspolitik vun den EU-Memberstaate bewäert. Lëtzebuerg schneit hei deelweis ganz gutt of – an dat soll een och zitéieren –, well mer eis net nëmmen a Rieden engagéieren, mee dann och kon- kreet Schrëtt folge loossen.

Allerdéngs weist dee Rapport och, datt mer keng sou- genannten „Targeted Actions“ kënne virleeën, wat d’Integratioun vu Mënsche mat engem Handicap ugeet. Beim Punkt „Praxis and Tools“ kënne mer kee vun deenen eelef Punkten erfëllen, deen d’CONCORD oplëscht. Mir analyséieren net genuch den Impakt vu verschiddene Mesuren a maachen och net genuch, fir Inegalitéiten duerch d’Digitalisatioun virzebeugen.

Eis Kooperatiounspolitik schneit am Allgemenge schlecht of, wat d’Ugoe vun Inegalitéiten ugeet. Esou beleeë mer mat Rumänien hei déi lescht Plaz vun deene 24 analyséierte Staaten. Eng immens interes- sant Analys, wou mir Piraten eis géife wënschen, datt sech déi Resultater zu Häerz géife geholl ginn an d’Recommandatioune géifen ëmgesat ginn.

Esou Rapporte sinn nämlech immens wichteg, well se d’Schwaachpunkte vun enger insgesamt dach ganz gudder Kooperatiounspolitik awer opleeën. Leider maache mer hei zu Lëtzebuerg ze seele selbstkritesch Analysen a Suivien iwwer eis Regierungspolitik. Dat ass generell eppes, wou mir Piraten eis géife wën- schen, datt d’Regierung méi oppe fir esou eng Selbst- reflexioun wier.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kom- men zum Schluss. An ech wëll op dëser Plaz e grousse Merci un déi Leit ausschwätzen – an, ech mengen, jiddweree vu menge Virriedner a Virriednerinnen

huet dat gemaach –, déi sech och dëst Joer erëm en- gagéiert hunn, déi Lëtzebuerg virbildlech no bausse vertrieden an eiser aller Respekt verdéngt hunn. Grad a Krichszäiten an elo, wou d’Zuel u Mënschen, déi probéieren, eise Kontinent ze erreechen, erëm klëmmt, ass dëst Engagement méi schwiereg an dofir awer ëmsou méi wichteg ginn.

Mir Piraten ënnerstëtzen d’Beméiunge vu Lëtze- buerg, wann et drëms geet, mat anere Länner zesum- menzeschaffen a vuneneen ze léieren. Mir begréissen et och, datt de Plaffong vun de Frais administra- tifs erëm vu 14 % op 15 % eropgeet. De Cercle des ONGDs freet awer méi, nämlech datt d’Fraise vun de Gestionnaires de projets erëm an de Budget „Projet“ amplaz an den „Administratif“ kommen, well een do- duerch erëm méi Leit bezuele kéint. Mir denken, datt een hei den Acteuren um Terrain nach méi wäit kéint a sollt entgéintkommen.

Eis geet den Asaz vun eise Ministere fir d’Mënsche- rechter net wäit genuch. Dat hunn ech, mengen ech, haut kloergemaach. Demokratië wéi Lëtzebuerg hu Mënscherechtsverletzungen op d’Agenda vu Reu- niounen ze bréngen! Mir mussen op internationalem Niveau Ënnersichunge fuerderen, wa Berichter iw- wer Mënscherechtsverletzungen ëffentlech ginn. Mir musse se konsequent bei alle Visitten an allen Treffen uschwätzen. An hei ass nach Loft no uewen.

Lëtzebuerg muss an der Entwécklungshëllef méi wäit kucke wéi déi eege wirtschaftlech Interessen, a Projeten ënnerstëtzen, déi de Leit an deene Länner och wierklech eppes bréngen an net nëmmen hei- heem positiv Schlagzeile maachen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a