M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President, léif
Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten begréissen dann
och den Echange haut mam President Selenskyj, well,
wéi eise Chamberspresident dat virdru gesot huet, et
war en historesche Moment! En historesche Moment,
well et eeben net üblech ass – glécklecherweis net
üblech ass –, datt Staatscheffen a Krichssituatioune
sech un d’Chamber wenden.
All Dag, wann ech doheem zur Dier erakommen,
kucken ech als Alleréischt op e Produit aus der Ukrain.
Dat ass eng grouss hëlze Weltkaart vun enger klenger
ukrainescher Startup, déi zu engem vun den éischten
Affer vun dësem sënnlose Krich gehéiert huet. Et ass
eng Weltkaart, op där d’Krim ganz kloer zur Ukrain gehéiert. E Rappell, all Dag, wann ech zur Dier erakommen, sech fir d’Integritéit vun der Ukrain anzesetzen an
domadder, am Géigesaz zu mengen zwee Virriedner,
net hei an der Lëtzebuerger Chamber um Räissbriet
wëllen ze entscheeden, wéi d’Ukrainer hiert Land sollen opdeelen oder och net.
Dat erënnert mech dann awer e bëssen un déi al „Gutsherrenart“ oder „Weltenführer“, déi do um wäisse Pabeier Linnen op Kaarte gezunn an decidéiert hunn, wéi
en Deel vun der Äerd dann elo wiem soll gehéieren.
Ech hat wierklech geduecht, mir wären aus deenen Zäiten eraus, wou mat Blutt d’Grenzen nei gezu ginn, well
mer international Reegelen hunn, fir Grenzen ze zéien.
Mee manifestement hunn den Här Putin an dann och
Leit a verschidde Riednerinnen a Riedner heibannen
dat nach net verstanen.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Als Deel vun der Chambersdelegatioun, déi dës Woch op der parlamentarescher Versammlung vun der NATO zu Vilnius war, hat
ech dës Woch schonns eng Kéier d’Geleeënheet, fir
mech mat mengen ukrainesche Kolleegen, dem Jehor
Cherniev an dem Galyna Mykhailiuk, auszetauschen.
Ech hunn hinnen all eis Solidaritéit an Ënnerstëtzung
zougeséchert, an dat widderhuelen ech och hei nach
eng Kéier: Mir ënnerstëtzen all d’Efforten, fir dëse
Krich ze beenden, an natierlech och d’Demande vun
der Ukrain, der EU kënne bäizetrieden.
Et ass wichteg, datt mir iwwert de Krich schwätzen,
iwwer wirtschaftlech Strategien, fir international Drock
opzebauen, iwwer Embargoen an, jo, och iwwer Waffeliwwerungen. Dat hu mer haut jo schonns e puermol
gemaach a mir wäerten dat sécher och nach weiderhi
maachen. Mee et ass och wichteg, datt mer déi ganz
konkreet Mënschen an hir Eenzelschicksaler bei all
deem net vergiessen an d’Zwëschemënschlechkeet
héichhalen.
Doru sinn ech du bei der Versammlung zu Vilnius och
nach eng Kéier erënnert ginn, wéi d’Galyna, d’ukrainesch Deputéiert, op mech zoukomm ass an als Alleréischt net wollt mat mer iwwert de Krich schwätzen,
mee doriwwer, ob et mengem Meedche géif gutt
goen. Ech hunn dat immens vill Gréisst fonnt, datt grad
hatt, wat selwer seng Famill am Bunker sëtzen hat, als
Éischt nom Wuelbefanne vun anere gefrot huet. Dat
ass, mengen ech, eppes, wat mer net däerfe verléieren. A mir mussen eis ëmmer bewosst sinn, datt et eeben net e Krich ass zwëschent abstrakte Staaten, mee
e Krich, wou Leit wéi Dir a mir alleguerten dervunner
betraff sinn an am Alldag leiden.
A wa mer da Fotoe gesinn, wou Kanner, wou ganz
Kannerklinicken a Bunkere musse verluecht ginn,
op Decken, a Bëbeeën op d’Welt kommen a Situatiounen, déi kee vun eis sech wëllt virstellen, da kommen engem, mengen ech, zu Recht d’Tréinen. Et ass
eng Situatioun, déi engem net einfach esou aus dem
Kapp geet. Eng Situatioun, wou ee sech eebe grad
och muss d’Fro stellen: Schwätze mer nach iwwer
abstrakt Grenzen? Iwwer e Fridden, dee mer musse
kréien? Oder schwätze mer doriwwer, datt mer u sech
den Ukrainer mussen all Ënnerstëtzung zoukomme
loossen, déi se kréie kënnen?
Well et sinn net déi aarm Russen, déi do op eemol
géint hire Wëllen an der Ukrain parachutéiert goufen,
nee, et ass den Här Putin, dee ganz bewosst Zaldoten
an d’Ukrain geschéckt huet, fir genau dëst Leed ze
produzéieren! An dat muss ee soen. Et geet hei ëm
Mënschen, déi eis Hëllef brauchen an deene mir eis
Hëllef och mussen zoukomme loossen.
Mir Piraten hunn dofir an der Vergaangenheet all
d’Mesurë vun der Regierung ënnerstëtzt, fir d’Ukrain
mat militäreschem Material ze versuergen, a mir
ënnerstëtzen och déi rezent Approche vun der EU,
fir mam sechste Sanktiounspak en Uelegembargo ze
lancéieren.
Eng Eenegung op eng Reduzéierung vun den Uelegimporter aus Russland an d’EU ëm 90 % bis zum Enn
vum Joer wier schonn e grousse Schratt. A mir hoffen, datt dëse Schratt da wäert kënne gemaach ginn
an datt d’Ambassadeuren hoffentlech haut hei zu
Lëtzebuerg kënnen d’Ënnerschrëft ënnert deen Text
setzen, an datt mer eeben net als Geisel geholl gi vun
engem Här Orbán – dee gouf jo haut schonn zitéiert –, deen op eemol wëllt e Chefpropagandist vum
Putin schützen.
Mee natierlech ass d’Ofhängegkeet vu Russland um
Niveau vun der Energie eleng mat engem Uelegembargo nach net vum Dësch. De kriddelegste Punkt,
d’Fro, wéi eng Versuergung vun der EU mat Gas ouni
Russland méiglech kéint sinn, bleift weiderhin oppen.
Schliisslech hunn d’Regierungscheffe kloergemaach,
datt de Gasembargo nach net esou séier en Theema
wäert sinn. Et ass zwar schonn eppes geschitt, mee
mir Piraten appelléieren nach eng Kéier drun, datt ee
sech net däerf op de Lorbeeren ausrouen an datt mer
weider mussen denken a weider konsequent mussen
agéieren.
Mir hunn d’Moyene fir ze hëllefen, a mir musse se
dofir och notzen, fir se eisen ukrainesche Verbündeten – an dat si se – zur Verfügung ze stellen, fir datt si
dem russeschen Aggresseur weiderhin d’Stier kënne
bidden.
Mir Piraten stinn dofir och hannert engem vollstännege Gasembargo a bedaueren zudéifst, datt dësen
an noer Zukunft keen Theema wäert sinn. Mee trotzdeem biede mir natierlech de Premier, eis staark Positioun bei den nächste Verhandlungen ze vertrieden,
och wann e keng Motioun dozou wëllt, wéi en dat jo
hei an der Chamber scho kloergestallt huet.
Et ass nämlech esou, an dat ass e Fakt: Europa huet
d’Energietransitioun verschlof a wärend där Zäit Milliarden a Milliarden un Euroen an d’Hänn vun autokratesche Staaten an hire Muechthaber gedréckt.
Domat gouf de Klimaschutz vernoléissegt an eng
enorm energeetesch Ofhängegkeet toleréiert, déi eis
elo op de Kapp fält.
Eist Zil muss et sinn, Russland ze weisen, datt mir
dëse grausame militäreschen Ugrëff op d’Schäerfst
verurteelen an net einfach kënnen toleréieren oder nokucken. Dofir mussen d’Regierungscheffe vun der EU
un engem Strang zéien – un engem! – a wäitreechend
Embargoen a Sanktiounen duerchsetzen. An ech hoffen, datt d’Ambassaden dat haut dann hikréien.
An, jo, natierlech kascht dat eppes. Mee wa mer heifir
keng Ressourcë mobiliséiere wëllen, da muss ee sech
awer froen: Fir wat dann? Mir stinn den Ament virun
enormen Erausfuerderungen, déi et kollektiv unzegoe gëllt an déi net nëmme politesch Riede brauchen, mee Investitiounen.
Dem Putin säin Ugrëff op d’Ukrain, deen, wéi de
President Selenskyj eis et haut nach eemol an d’Gediechtnis geruff huet, scho vill méi laang geet wéi
den aktuelle Krich säit dem 24. Februar, war och en
Ugrëff op Europa, en Ugrëff op d’Demokratie an op
d’fräiheetlech Wäerter. Mee amplaz eis dovu schwächen ze loossen, kënne mer och gestäerkt aus dëser
Situatioun erausgoen, wa mer eis aktuell Lag dann
als Ureiz verstinn, fir endlech déi Investitiounen an
erneierbar Energien ze maachen, déi et schonn esou
laang bräicht, fir laangfristeg d’Onofhängegkeet an
d’Klimaneutralitéit vun der EU ze garantéieren.
(Interruption)
All Investitioun, déi eis haut onofhängeg vu russeschen Energië mécht, ass eng Investitioun, déi zugläich der Ukrain wéi och eis selwer zeguttkënnt.
Iwwert d’Iessenssituatioun an iwwert de Risk vun
enger Famine muss ech guer net eréischt schwätzen,
dat gouf och scho gemaach. Wat mer do brauchen,
ass eng ganz pragmatesch Léisung. Mir mussen déi
Kären aus der Ukrain erauskréien. Mir mussen derfir suergen, datt d’internationaalt Recht respektéiert
gëtt, datt „freedom of navigation“ och am Schwaarze
Mier ka stattfannen. Well wa mer eis drop verloossen, datt dat mat der Bunn geschitt, dann erhéngeren dëst Joer 30 bis 40 Millioune Mënschen op dëser
Äerd! 30 bis 40 Millioune weider Affer vun engem
Krich, dee ganz aleng de Wladimir Putin ze veräntwerten huet. Dat däerfe mer net zouloossen. Dofir
musse mer eis asetzen. An dofir muss den Hafe vun
Odessa opgoe fir den Export vun deene wichtegen
Narungsmëttelen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi
ech déi lescht Kéier an der Ukrain war – an dorunner
denken ech awer an der Lescht ëmmer erëm, wann
ech d’Biller vu Kiew gesinn –, sinn ech engem weltoppenen, frëndlechen a virun allem engem ganz
oppenhäerzege Staat begéint, deen eng gréisstendeels
fonctionéierend Demokratie huet. Wann een elo gesäit, wéi dëst Land a seng Mënsche Krichsverbriechen
an Zerstéierung ausgesat sinn, dann dierf een net
ewechkucken. Dowéinst si mir Piraten haut immens
stolz drop, datt d’Chamber decidéiert huet, de President Selenskyj anzelueden an him an eisem héijen
Haus d’Wuert ze ginn.
Mat senger Ried huet hien eis all nees drun erënnert,
datt d’Fräiheet an d’Recht op Selbstbestëmmung, eis
europäesch Valeuren an, jo, och e Stéckwäit d’europäesch Zukunft aktuell an der Ukrain verteidegt ginn. An
dëse schwéieren Effort gëllt et bis op Weideres mat
allen eis zur Verfügung stoende Mëttelen ze ënnerstëtzen, fir datt och d’Ukrainerinnen an d’Ukrainer,
esou wéi de President Selenskyj et sot, kënne bleiwen,
wat se sinn: fräi an onofhängeg.
Merci. Slava Ukraini!
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir hunn d’Motioun
matënnerschriwwen, well ech géif souguer e bësse
méi optimistesch si wéi d’CSV a soen: Et ass net nëmmen e Glas, wat hallef voll ass, mee d’Glas ass vläicht
souguer zu zwee Drëttel voll. Aus deem ganz einfache
Grond, well awer e puer Aspekter dra sinn, wouriwwer op internationalem Plang awer nach gestridde
gouf. An net méi spéit wéi dëse Weekend gouf nach
ënnert de Parlamenter vun den NATO-Partner dach
awer ferm driwwer diskutéiert, wat dann d’Zil vun
dem Support un d’Ukrain soll sinn.
An ech mengen, dat ass jo och hei erauskomm: Ass et
d’Ukrain an hirer territorialer Integritéit? Ass et iergendeng Grenz, déi gezu gëtt? Schlussendlech gouf
sech no laangen Diskussiounen, wéi och an dëser
Motioun, drop gëeenegt, fir d’Totalitéit vum „territoire ukrainien internationalement reconnu“ dranzeschreiwen. An ech mengen, datt dat e ganz wichtege
Saz ass, e ganz wichtegt Signal och fir eisen ukrainesche Partner, datt mer se u sech doranner ënnerstëtzen, dat ze bleiwen, wat se sinn, oder respektiv dat,
wat se virun 2014 waren, nämlech eng Ukrain.
An ech mengen, datt et ganz geféierlech wier, wa mir
elo géifen hei quasi um gréngen Dësch entscheeden,
wéi an Zukunft d’Grenzen vun engem Land solle gezu
ginn. Mir hu ganz am Ufank vun dësem Konflikt gesot: „Mir mussen aus deem Denke vun Aflosssphären erauskommen.“ An et ass net u Russland, eis
virzeschreiwen, awéiwäit d’Ukrain däerf op hirem
eegenen Territoire eppes maachen. Et ass net un eis,
de Russe virzeschreiwen, wat si op hirem Territoire
maachen. Mee genausou wéineg ass et un hinnen,
der Ukrain virzeschreiwen, wat se ze maachen huet.
An deementspriechend ass et wichteg, datt déi Integralitéit vum Territoire hei aktéiert gëtt.
An dat Zweet, an ech mengen, dat ass dee véierte
Constat, dee mer maachen, respektiv wou mer eis
Colère ausdrécken iwwert d’Atrocitéiten: „viol et l’exécution de civils, les déplacements forcés, le pillage et
le ciblage d’infrastructures civiles“. Ech muss éierlech
soen: Wann d’Glas ganz voll wär, géif hei warscheinlech stoen: „de Genozid un der ukrainescher Populatioun“. Wa mer héieren, wat a Mariupol gemaach
gëtt, wou an de Schoulen d’ukrainesch Bicher verbrannt ginn, wou d’Wëssen iwwert d’ukrainesch
Geschicht zerstéiert gëtt – bewosst zerstéiert gëtt! –
vum russeschen Occupant, da si mer ganz no, wann
net op der Grenz vum Genozid.
Ech mengen, datt fir déi Motioun do d’Glas zwee
Drëttel voll ass an datt mer hei e ganz klore Statement maachen, datt hei Krichsverbrieche geschéien.
Déi sinn esou gutt dokumentéiert wéi a kengem anere
Krich. Do ass guer keen Doute drun, datt et se gëtt.
Et ass just nach en Doute drun, wien ultimement responsabel ka gemaach ginn.
Dat sollt wa méiglech net den aarmen, klengen Zaldot
sinn, deen ënner virgehalener Waff gezwonge gouf,
do iwwer eng Grenz ze goen, mee dat sollten de préférence déi Leit sinn, déi d’Befeeler ginn hunn. Well déi
hunn dat ganz bewosst gemaach, si woussten, wat e
Krichsverbriechen ass. Ob den aarme Wehrdéngschtleeschtenden dat ëmmer sou wosst, weess ech net.
Wann een héiert, datt se an der Ukrain souguer Toilettë klauen, well se aus Dierfer a Russland kommen,
wou et nach net emol Toiletten oder fléissend Waasser
gëtt, da muss ech soen, hunn ech meng Doutten, ob se
wierklech eng Formatioun an internationalem Recht
kruten.
Dat gesot, mengen ech, datt dat hei net dat lescht
Wuert zu där Fro wäert sinn an datt mer héchstwarscheinlech, wann d’Beweiser méi däitlech ginn, och
nach eng Kéier mussen op d’Terminologie zréckkommen.
Mee mir wäerten dat hei mat ganzem Häerzen ënnerstëtzen.