Débat d’orientation sur les conclusions à retenir de la pandémie Covid-19 pour notre système de santé ainsi que sur la mise en œuvre du « virage ambulatoire »

Wat ass säitdeem geschitt? Wéi eng Konsequenzen
zitt Der aus deem Arrêt? A wat maacht Der domadder? Gëtt d’Gesetz vun 1983 iwwerschafft, an notamment den Artikel 19? Ginn Exklusiounskrittären
dragesat? Gëtt déi Lëscht iwwerschafft an à jour gesat
an an d’Gesetz geschriwwen?
Fir mech – fir mäi Verständnis zumindest, vläicht leien
ech ganz falsch – ass den Arrêt ganz kloer: Et ass en
„domaine réservé à la loi“, steet dran; also en „à la
loi“, an net „à la jungle“. Well am Moment mengt een
éischter, et wier „la loi de la jungle“ – an zwar esou,
dass Fakten um Terrain geschafe ginn.
Dobäi kënnt, dass elo kierzlech d’Gesondheetsministesch eng nei gesetzlech Basis fir privat Dokteschgesellschaften ugekënnegt huet. Dat wier dann dat
éischt Resultat vum Gesondheetsdësch. Kee Wonner,
well d’AMMD an de Collège médical hu jorelaang dofir gedréckt. A se si souguer mat der Gesetzespropos
komm. Da geet et natierlech schnell.
Ma war dat wierklech néideg? Brauche mer esou eng
nei juristesch Form? D’Doktere kënne sech dach elo
schonn zesummendinn an a Praxissen zesummeschaffen. Wie brauch dat? A firwat?
Wuel ass et esou, dass liberal Dokteren dat gefrot
hunn, fir besser kënne vum neie Marché, dee mat der
Liberaliséierung entstanen ass, ze profitéieren. Esou
gesi mir dat zumindest. Et besteet de Risiko, dass déi
lukratiivsten Aktivitéiten aus de Spideeler ausgelagert
ginn an domadder de Spideeler am Endeffekt finanziell Ressourcë feelen. Mëttelfristeg ass de Risiko, dee
mir gesinn, dass d’Spidol geschwächt gëtt, an domadder onmëssverständlech och den allgemenge
Gesondheetszoustand.
Mir sinn hei Welten auserneen am Verständnis vum
Virage ambulatoire. Dat muss eis ganz kloer sinn!
Geet et eis ëm d’Soin-primairen, ëm en holistesche
Gesondheetssuivi vum Patient, oder geet et ëm eng
Hyperspezialiséierung, déi souwisou schonn ze staark
ass an déi net de Besoinen entsprécht?
Här President, de Virage ambulatoire däerf net fir
esou Zwecker mëssbraucht ginn! An dach ass et leider
esou, dass de Virage ambulatoire mëttlerweil
Synonym ginn ass vu Privatiséierungsmanöveren am
Kontext vun enger neomanagerialer Gesondheetspolitik.
Wann dat dat ass, wat mer ënner Virage ambulatoire
verstinn a wäerten ëmsetzen, da weess ech net, ob
mer déi nächst Pandemie gestemmt kréien. Mir
wieren eis géint all Versuch, d’Gesondheet enger
privatwirtschaftlecher Logik ze ënnerwerfen.
Et ass, wéi wa mer vergiess hätten, wat déi lescht
zwee Joer an der Welt an och bei eis lass war. Ma dat
misst eis dach eigentlech derzou féieren, éischtens
emol, d’Spideeler ze stäerken an den ëffentleche Gesondheetssystem ze stäerken an de Virage ambulatoire an der ëffentlecher Gestioun ënnert der Kontroll
vum Staat ze halen; des Weideren, d’Fleegepersonal
an d’Gesondheetspersonal opwäerten; eng Informatiounscampagne, eng Sensibilisatiounscampagne fir
dës Beruffer direkt elo ze starten – Firwat ass dat net
an deene leschten zwee Joer scho geschitt? –; an hir
Aarbechts- a Formatiounskonditiounen definitiv opzewäerten; an dann och nach d’mental Gesondheet an
d’preventiv Gesondheet endlech och opzewäerten.
Merci fir d’Nolauschteren.
M. Fernand Etgen, Président | Merci, Madamm
Oberweis. An de leschten ageschriwwene Riedner ass
den honorabelen Här Sven Clement. Här Clement, Dir
hutt d’Wuert.
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif
Kolleeginnen a Kolleegen, haut zéie mer also éischt
Konklusiounen aus der Pandemie. A ganz gläich soll
jo och dann dat neit Covidgesetz gestëmmt ginn an
domadder d’Restriktioune staark gelackert ginn.
Wéini genee, gi mer dann an deenen nächste Stonne
gewuer.
Et gesäit also esou aus, wéi wa mer et zumindest temporär – esou muss een et soen – duerch dës sanitär
Kris erduerchgepackt hätten. Mee ech erënnere mech
awer och drun, datt ech scho virun engem Joer quasi
eng Kéier hei stoung a mer eis eppes Änleches
gewënscht hunn. Ech mengen, do war de Wonsch
Papp vum Gedanken, an d’Realitéit huet eis ganz
séier am Hierscht erëm ageholl. Ech mengen, mir
sollten eis alleguerte bewosst sinn, datt een ëmmer
nach iwwerrascht ka ginn. Heiansdo geet et méi séier,
wéi een denkt.
Ech denken, datt mer dofir sollte virsiichteg sinn,
wann et drëms geet, hei e Schlussstréch ënner eng
Pandemie ze zéien. Well ze oft huet de Virus eis
schliisslech scho gewisen, datt et anescht komme
kann, wéi mer gemengt hunn.
Mee selbstverständlech kann een aus den Erfarungen
aus de leschten zwee Joer esou munches mat eraushuelen. An dat solle mer haut, d’ailleurs och mat
dësem Debat maachen. Well eppes ass kloer:
D’Weltpopulatioun geet erop an domadder och de
Risiko fir grouss Pandemien, déi dann, en conséquence, och eis Spideeler belaaschte kënnen.
An och de Klimawandel wäert an Zukunft wuel Wiederphenomeener zur Konsequenz hunn, déi och bei
eis grousse Schued uriichten a Mënsche verletze kéinten. Dofir ass et wichteg, datt mer eise Gesondheetssystem stäerken. Wa mer also haut vum Virage
ambulatoire schwätzen – also dem Fait, datt an Zukunft ëmmer manner Behandlunge sollen am Spidol
an dofir méi a Gesondheetszenteren oder bei de Leit
doheem gemaach ginn –, dann dierf dat net heeschen, datt déi Better, déi iwwert dëse Wee an de Spideeler fräi kéinte ginn, aus Käschtegrënn sollen
ofgebaut ginn! Ganz am Contraire.
Grad dës Better-Capacitéiten, déi duerch de Virage
ambulatoire géife fräi ginn, wäerte ganz dréngend
néideg ginn an där nächster sanitärer Kris oder bei
enger Naturkatastroph. Och wa mer natierlech hoffen, datt déi net esou séier kënnt.
Andeems mer et an Zukunft och Cabineten ausserhalb
vum Spidol erlaben, bilddiagnostesch Apparater – wéi
dat esou schéin heescht, also zum Beispill en IRM – ze
kafen, kéinte mer d’Waardezäite fir esou Analyse reduzéieren a géifen d’Patienten net méi fir Rendezvousen an ee Spidol schécken, wa se guer net am
Noutfall sinn.
Mir wëssen alleguer, datt d’Problematik vun de sougenannte Spidolskeimen zouhëlt an ëmmer méi
Bakterie vill Antibiotikresistenzen opweisen. Andeems
een de Passage am Spidol just nach op déi Kéiere géif
reduzéieren, wou et wierklech ëm e medezinneschen
Noutfall geet, kéint ee ville Leit eng onnéideg Expositioun mat Krankheetserreeger erspueren.
A grad wann et ëm eeler Leit geet, déi geschwächt
sinn an déi aktuell oft tëscht hirer Wunnstruktur an
dem Spidol hin- an hiertransportéiert gi fir déi verschiddensten Traitementer, déi se dann och net ëmmer op deen nämmlechten Datum kënne leeën, kéint
den Ausbau vun ambulante Servicer wierklech hëllefen. Grad ewéi och bei Persounen, déi doheem vun
Infirmiersreseaue versuergt ginn, kéinten och vill méi
Behandlunge bei de Leit doheem gemaach ginn, an
hirem vertrauten Doheem. Soudatt se sech wuel fillen
an net nach zousätzlechem Stress ausgesat ginn.
Datt et haut nach Fäll gëtt, an deene geschwächten
eeler Leit mussen an d’Spidol gefouert ginn, well bestëmmte Prestatioune just am Spidol ganz vun der
Krankekeess iwwerholl ginn an ambulant net oder
manner, ass eigentlech katastrophal! Mir blockéieren
hei jo just opgrond vu schlechte Reglementatiounen
nach Spidolscapacitéiten. A ganz änlech ass et jo,
wann et ëm d’Behandlung vu méi liichte Krankheeten
an de Spidolsurgencë geet.
D’Maisons médicales goufen agefouert, fir d’Urgencen
ze entlaaschten. Mee dat Zil gouf leider net erreecht!
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Dat war net dat
éischt Zil! Et war …
M. Sven Clement (Piraten) | Et war net dat éischt Zil,
Här Di Bartolomeo, mee et war awer mat eent vun

den Ziler, datt Leit, déi keng Urgence hunn, net an
eng Urgence ginn …
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Jo.
Une voix | Jo.
M. Sven Clement (Piraten) | … an de préférence sollte
bei en Hausdokter goen oder eeben an eng Maison
médicale.
Mee firwat ginn nach ëmmer ganz vill Leit an d’Spidol
mat Problemer, déi eigentlech keng Urgence sinn?
Ma eng Äntwert, oder en Deel vun der Äntwert, kann et
wuel och sinn, datt et an eisem „räiche Lëtzebuerg“ –
ënner Gänseféisercher – ëmmer nach Leit gëtt, déi
einfach net genuch Suen hunn.
Ech schwätzen emol net vun deenen, déi guer net an
der Krankekeess sinn. Ech weess, do gëtt endlech dru
geschafft, un der Couverture universelle. Mee datt et
Leit gëtt, déi net genuch Suen hunn, fir eng normal
Visite médicale ze bezuelen, an am Spidol wéinst dem
Tiers payant eng manner héich Rechnung ufält. An
dat ass u sech dramatesch!
An dat Schlëmmst ass jo, datt hei jidderee sech eens
ass, datt muss eppes änneren. Säit Éiwegkeete gëtt
vum generaliséierten Tiers payant geschwat. Mee do
ass en awer nach ëmmer net. Et kënnt jo da lo eng
Léisung dozou. Mee esou ganz dat, wat um Sticker
stoung, hält déi dann awer och net. An dat ass jo och
net nei!
An, mir kennen u sech dee selwechte Problem och
vun de Remboursementer vun der Psychotherapie.
Mir sinn eis all eens – dat ass haut nach eng Kéier an
der Heure de questions gesot ginn – an trotzdeem
dauert et éiweg, bis eppes ëmgesat gëtt!
(Interruption par M. Claude Haagen)
Zumindest d’Volonté politique ass awer, mengen ech,
do.
M. Claude Haagen, Ministre de la Sécurité sociale |
… de Secteur muss sech och eens sinn.
M. Sven Clement (Piraten) | An do muss de Secteur
vläicht dann och … An ech mengen, mir haten do
scho Question-parlementairen un Ären …
Une voix | Jo.
M. Sven Clement (Piraten) | … Virgänger gestallt.
D’Madamm Hartmann huet och, mengen ech, net déi
éischte Kéier op dee Problem haut de Mëtten higewisen. Mir sinn eis heibannen eens, an de Secteur gëtt
sech net eens. Do muss een dann och de Secteur
heiansdo rëselen. Ech mengen, dat huet Äre Virgänger probéiert. Ech wënschen Iech op alle Fall eng méi
erfollegräich Händchen dofir.
M. Claude Haagen, Ministre de la Sécurité sociale |
… mat Ärem Appui.
M. Sven Clement (Piraten) | Ech mengen, Dir hutt
den Appui vun eis alleguerten heibannen.
Une voix | Nee, nee.
M. Sven Clement (Piraten) | Dat ass ganz wichteg.
Une voix | Ech sinn awer net derbäi!
(Hilarité et interruptions)
M. Sven Clement (Piraten) | Ech ginn elo net nach
eng Kéier drop an. Wärend där Noutsituatioun,
wärend der Pandemie vun deene leschten zwee Joer,
ass d’mental Gesondheet definitiv eppes gewiescht,
wat gelidden huet. An u sech ass et elo méi dréngend
wéi jee, datt sech dee Secteur dann endlech eens gëtt
an datt endlech eppes geschitt. Eppes, wat jo eigentlech scho virun der Pandemie op de Raile war, mee
iergendwéi derailléiert huet.
Ech hoffen, datt mer net änlech laang also elo waarde
mussen, datt dann dëse Virage ambulatoire an Ugrëff
geholl gëtt oder aboutéiert. Jo, ech verstinn: D’Pandemie huet vill Capacitéiten um Ministère an Usproch
geholl an dofir konnt et och munchmol net esou séier
goen, wéi ee sech dat vläicht gewënscht hätt, op alle
Säite vum Debat. Mee d’Pandemie kann awer dann
och net éiweg als Excuse an Zukunft geholl ginn.
Ganz am Géigendeel brauche mer och an deene
wichtege Regierungsdossieren endlech déi Relance,
déi vun de Betriber jo schonn erwaart gëtt.
Mir brauchen e Gesondheetssystem, deen no un de
Leit ass an och d’Preventioun besser aschléisst. Aktuell
sinn d’Leit, déi am Norde wunnen, wat d’Accessibilitéit
vun de Spideeler, Maisons médicales, Pediateren an
Apdikten ugeet, ëmmer nach benodeelegt par rapport
zum Süden. Ech schwätzen net per capita – do kann
een d’Statistiken esou dréien, datt se schéin ausgesinn.
Ech schwätze vun de reellen Distanzen, déi d’Leit
musse fueren, fir eeben dat ze erreechen.
Hei wären dezentral Gesondheetszenteren, an deenen och Leit schaffen, déi emol erausginn an op d’Leit
zouginn a se informéieren a Preventiounsaarbecht
maachen, sécher e gudde Wee. An esou Zentere
wären d’Infirmièren an d’Infirmieren an eisen Aen
dann och eng ganz wichteg Beruffsgrupp, déi duerch
d’Adaptatioun vun hire Formatiounen op Bachelor- a
Masterniveau och eegestänneg Tâchë sollten iwwerhuelen.
An och wann et drëms geet, e Suivi vu Patientinnen a
Patienten no engem Spidolsopenthalt doheem ze maachen oder, ëmgedréit, e Patient oder eng Patientin, déi
doheem vun enger Infirmière betreit gouf, dann am
Spidol soll versuergt ginn, sollt de Beruff vun den
Infirmièren den Dréi- an Aangelpunkt vun enger gudder Gesondheetsversuergung sinn, fir datt et geléngt,
datt stationär an ambulant Behandlungen net méi sou
getrennt verstane ginn, mee als Ganzt.
De Virage ambulatoire kann dofir nëmmen en
Erfolleg sinn, wann et och mat enger Reform vun den
Attributiounen an Ausbildunge vun de Fleegeberuffer
anhiergeet, an dat heescht natierlech vun enger
Reform, déi de Fokus op d’Valorisatioun vu genau
dëse Beruffer leet an net, wéi bis elo, op eng Senkung
vun de Käschten. Et spuert een net un der Gesondheet! Dat hu mer déi lescht Jore gesinn.
Hätte mer déi Suen, déi mer nämlech an deene
leschte Joren hu mussen a Covid-Aidë stiechen,
virdrun och nëmmen deelweis an den Ausbau vun
der Gesondheetsversuergung gestach, dann hätte
mer wuel deelweis – net ëmmer, heiansdo – manner
streng Restriktioune gebraucht, well d’Ressourcen do
gewiescht wären. Vläicht hätte mer och méi streng
Restriktioune méi séier kënnen huelen, well d’Ressourcen do gewiescht wären, fir se ëmzesetzen.
Certes, mir hätten e méi staarken, e méi stabille
Gesondheetssecteur gehat. An all Euro, dee mer an
d’Gesondheetsversuergung investéieren, huet e positive Return on Investment. An dat mengen ech net fir
de Privatsecteur, mee dat mengen ech fir eis alleguerten. A genau dat, mengen ech, sollt u sech eng
vun den Haaptkonklusioune sinn, déi mer aus der
Pandemie zéien, datt mer un der Gesondheet net
spueren, mee staark ëffentlech Investitioune
brauchen, déi natierlech dann och eng méi gesond
Populatioun mat sech bréngen.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat