M. Sven Clement (Piraten) | Här President, léif Kol- leeginnen a Kolleegen, ech wëll ufänken als Éischt mat engem grousse Merci un de Gilles Roth an un den André Bauler fir net nëmme Fläissaarbecht, well et war vill méi wéi nëmmen eng Fläissaarbecht. Et war eng approfondéiert Aarbecht an der Kommis- sioun mat de Verwaltungen zesummen, fir dësen Debat ze preparéieren. An ech mengen, datt et seelen esou vill Zuelematerial gouf, wat mer gewälzt hunn, fir eng Orientéierungsdebatt ze preparéieren.
Ech wäert Iech net langweilen, andeem ech iwwerall ëmmer erëm d’Zuele widderhuelen, déi am Rapport genannt goufen. Ech mengen, datt jiddweree vun eis se liese konnt. Ech wäert mech dofir deelweis och op politesch Messagë beschränken, mee déi eng oder aner Zuel kann ech Iech leider net erspueren.
Et ass e wichtegen Debat, dat ass ausser Fro. An dat huet ee jo och un de Virriednerinnen a Virried- ner gemierkt. An allkéiers, wann erëm ee geschwat huet, hunn ech erëm en Deel vu menger Ried missen upassen, well ech awer ferm erstaunt war vu ver- schiddenen Interventiounen. Déi eng, déi aus dem Regierungslager komm sinn an déi éischter geklon- gen hunn, wéi wa se um Kongress vun der Sozialis- tescher Internationaler gefouert gi wären, respektiv anerer, déi aus der Oppositioun kommen an déi mech awer och do e bëssen erstaunt hunn. Ech schwätzen emol net vun der CSV.
(Interruption par M. Yves Cruchten et hilarité)
Nee, keng Angscht, Här Cruchten. Ech hunn dat och net bewäert. Ech hu just gesot: „Et huet mech er- staunt.“ Dat ass dann herno … Ob Dir dat positiv fannt oder net, wann Der mech erstaunt, dat ass Iech iwwer- looss.
Ech mengen, datt et awer virun allem – an dat huet een haut gemierkt, och mat deenen dissonante Stëm- men aus dem Majoritéitslager – en Ageständnis vun der Regierung ass, datt se net kapabel war, fir an dëser Legislaturperiod hiert Versprieche vun enger Steier- reform ëmzesetzen.
(Interruption)
A Reporter.lu titelt do ganz richteg – an ech zitéie- ren – „Steuerdebatte statt Steuerreform“. Well kommt, si mer éierlech: All Parteien heibannen hate schonn d’Chance … Also – nee! Bal all d’Parteien heibannen hate schonn d’Chance, fir hir Iddie vu Steierreformen a Regierungsverantwortung ëmzesetzen. An all Par- teien heibannen haten d’Chance, fir hir Pläng fir Steier- reformen am Walkampf 2018 ze presentéieren.
An elo sti mer hei! 2022 – d’Welt huet sech geännert a forcement natierlech och déi eng oder aner Posi- tioun. Mee zumindest déi aus dem Majoritéitslager hätte jo kënnen eppes maachen.
Mee elo ginn dann deelweis schonn d’Walkämpf preparéiert, d’Walprogrammer virgedroen an net wierklech méi op e Konsens gekuckt. A wann ech Är Motioun kucken aus der Majoritéit, da gesäit ee jo, wéi wäit déi eenzel Parteien elo schonn nees auser- neeleien. Et gëtt just nach vun: „Mir kucken, vläicht eventuell eppes ze maachen.“
Also wéi den 100,7 de Moie gemellt huet: Et wär e Mi- nimalkonsens ginn. Ech hat scho „Minimalkonsensche“ geduecht bei der Majoritéit. Do hat ech geduecht: Ok, da kënnt de Mëtteg wéinstens eng Motioun oder eng AnnoncevuneppesKonkreetem. An elo liesen ech Är
Motioun an da gesinn ech, datt do alles nëmme steet: „Mir analyséieren eventuell, mir kucken iergendwann eng Kéier.“ Bon bref, iergendwann eng Kéier, an d’nächst Joer si Walen. An da wäerten d’Wielerinnen an d’Wieler kucken, wat wierklech gemaach gouf a wat net.
Dësen Debat ass also iwwerfälleg! En ass awer och nëmme gläichzäiteg e Vertréichten dorobber, datt mer an engem Joer hoffentlech dann eng méi coura- géis Regierung hunn, déi dann hir Verspriechen och ëmsetze wäert.
(Interruption)
Här President, déi grouss Fro haut ass jo, wéi een eise Steiersystem gerecht opstelle kann. Wat ass fair? Wat solle mer besteieren a wéi vill? Ass et fair, datt an eisem System e Single méi Steiere muss bezuele wéi een, dee bestuet ass? Wat ass falsch dorunner, Single ze sinn? Ass et fair, datt eng Persoun, déi hire Partner verléiert, e puer Joer drop méi héich besteiert gëtt an duerno nom Doud nach eng Kéier bestrooft gëtt? Wat ass de Sënn an Zweck dervun, eng Persoun dono an eng defavorabel Steierklass zréckzeversetze fir eppes, fir dat si net responsabel ass?
Ass et engem Infirmier géintiwwer fair, wa räich In- vestisseure sech duerch zeg Méiglechkeete virun hire Steieren drécken? Wéi erklären ech dëser Persoun, datt Spezialfonge fir Milliarden Zommen nëmmen 0,01 % bis 0,05 % Steiere bezuelen oder datt d’Di- videnden nëmme mat 20 % besteiert ginn, wärend deen nämmlechte Montant als Salaire progressiv be- steiert gëtt?
Et ass festzestellen: Eisen aktuelle System ass fir eng grouss Partie vun de Mënschen hei am Land leider net gerecht! Eisen aktuelle Steiersystem dréit souguer derzou bäi, datt d’Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer weider auserneegeet.
A fir dem Här Knaff direkt e puer Zuelen ze äntweren, hunn ech dann och Zuele matbruecht. Eisen Gini-In- dex, dee jo d’Ongläichheete moosst, louch am Joer 2020 bei 0,32. Mir leien domadder iwwert der Moyen- ne an der Europäescher Unioun. Als Verglach: Eist No- peschland Belsch ass bei 0,25 – also méi gerecht.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | Et kéint ee jo soen, datt jo nach net … Dat ass nach net esou schlecht! Mir sinn net allze wäit vun der Belsch ewech. Ma dat dierf net d’Ambitioun vu Lëtzebuerg sinn, well 2011 ware mer nach besser! Du ware mer bei 0,27. Also hu mer eis an deene leschten zéng Joer awer dach ëm e gutt Stéck verschlechtert.
An zënter, datt d’lëtzebuergesch Wirtschaft awer richteg gewuess ass … De reale Bruttoinlandsproduit hei am Land ass zënter 2011 ëm méi wéi e Véierel gewuess, also 25 %. Dat kënnt Der alles noliese bei Eurostat, wann Der mer d’Fro wëllt stellen.
D’Statistike weisen, datt Lëtzebuerg, gesamt gekuckt op déi lescht Joren, méi räich ginn ass. Mee dee Räichtum ass ongläich verdeelt. E kënnt haaptsächlech bei deenen un, déi och virdru schonn haten. An et ass lei- der och net esou, datt déi Leit um ënneschten Enn bes- serdostiwéi2011.VillLeitzittetausdemLand,well de wirtschaftleche Wuesstem eng immens Pressioun op eise Wunnengsmarché huet an deemno déi kleng Gehälter am meeschte vun den negativen Externalitéite vum Wuesstum belaascht sinn.
An och do gesi mer ganz kloer, datt, wa mer eis uku- cken, wéi déi iewescht Gehälter gewuess si par rap- port zu den ënneschten, et sécherlech net gerecht zougeet.
Mee, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi vill kënne merdanndeGuttverdéngerofverlaangen? A wéi vill
belaaschte mer déi grouss Entreprisen, déi sech am Milliouneberäich – soyons fous ! –, Milliardeberäich beweegen?
An engem rezente Rapport vun EY – dat ass eng vun deene Consulting-Boîtten, déi d’Regierung esou gäre freet, fir hinnen ze hëllefen, Gesetzer ze schreiwen – an och an anere Rapporte virun hinnen, gëtt ëmmer erëm kritiséiert, datt de Steiersaz zu Lëtzebuerg am Verglach zu der OECD-Moyenne ze héich wier. Et ass natierlech gutt: Eng Firma, déi selwer vill Geld ver- déngt, wëllt natierlech an engem Rapport och ëmmer kloerstellen, datt si ze vill Steiere géif bezuelen an do- fir manner wéilt bezuelen.
D’Firme bezuelen hei am Land mam Impôt commer- cial a mam Impôt communal, dee variéiert, am Schnëtt ronn 25 %. Ass dat héich?
Bei eiser Kierperschaftssteier leie mer domat am Mëttelfeld bei 25 % an trotzdeem hate mer 2021 eng Reprise vum PIB vu 6,9 %. Et kann eis also keen ziele kommen, eis Steieren op d’Entreprisë wieren e Risiko fir Kompetitivitéit gewiescht. Mir hätten eng vill besser Reprise wéi eng ganz Rëtsch aner europäesch Länner. An eisen Aen ass et och falsch, déi ganz Diskussioun vun der Kompetitivitéit reng op d’Fiskalitéit ze limitéie- ren. Do muss een an eisen Ae brancheniwwergräifend kucken, wou strukturell d’Problemer leien. Mir sollte verstoen, firwat a verschiddene Branchë Personalman- gel herrscht a firwat mer eis hei am Land schwéier- dinn, fir datt d’Leit kënnen Independant ginn. An dat ass net nëmmen d’Fiskalitéit.
Natierlech musse mer kucken, datt d’Finanzplaz wei- derhi gutt do steet. Mee dat ass bis haut nach ëm- mer de Fall, an dat och no de villen Upassungen um Niveau vun der OECD an den EU-Direktive wéi zum Beispill der ATAD.
Steierlech Virdeeler fir Firme sollte virun allem de PMEen an de Startuppen zeguttkommen, an net Fir- men, déi virun 30 Joer eng Kéier e Startup waren, wéi se nach e puer Bicher online verkaaft hunn an haut- desdaags grouss Steierrabatte vun der Regierung kréien.
Une voix | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, et ge- säit een: Eise Steiersystem fonctionéiert gutt mat ei- ser Wirtschaft, mee net optimal fir eis Gesellschaft. Dofir plädéiere mir Piraten fir einfach a kohärent Reegelen, déi op all Akommes d’nämmlecht appli- zéiert ginn. Mir brauchen e vereinfacht Steiergesetz ouni Honnerte vun Ausnamen. Ob Salairen, Dividen- den, Loyeren oder soss Revenuen: All Akommes soll zum Schluss vum Joer an een Dëppe gehäit ginn an dorobber sollte mer dann en entspriechende Steier- saz bezuelen. Dat verlaangt natierlech eng komplett Upassung vun de Barèmen – däers si mer eis be- wosst.
Mir sinn dobäi nach wie vor derfir, datt d’Steierklas- sen ofgeschaaft ginn an eng eenzeg Steierklass age- fouert gëtt, an där jidderee gläich behandelt gëtt. De Staat soll hei fiskalesch neutral virgoen an d’Leit net incitéieren, ee Liewensmodell iwwert deen aneren auszewielen.
Mir wëssen elo dank den Zuele vun der Steierverwal- tung, datt d’Steierklass 2 fir jiddereen 1,9 Milliarden Euro d’Joer géif kaschten. Jo, dat si vill Suen an et ver- laangt vill politesche Courage, fir heirun ze schaffen. Mee fir eis Piraten muss dat mëttelfristeg d’Zil sinn, fir Lëtzebuerg endlech mat enger moderner Akom- menssteier auszestatten, déi de Realitéite vum 21. Joerhonnert gerecht gëtt.
Dee Montant vun 1,9 Milliarden ass och net a Stee gemeesselt. Wann een d’Steiertabell upasst, de
Spëtzesteiersaz no uewe verréckelt an all d’Akom- menszorte gläich besteiert, ännert sech déi Rechnung ëm e Villfaches. Et war jo u sech eng Rechnung à choses égales.
Jo, mir Piraten ënnerstëtzen eng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz vun aktuell 42 % bis erop bis op 49 %. Dës Erhéijung sollt an eisen Aen iwwert d’Aféierung vu weideren Tranchen ab engem Joresakommes vun 200.000 Euro geschéien. Dat kéint, de Berechnunge vun der Steierverwaltung no, bis zu 500 Milliounen Euro zousätzlech an d’Keese spullen.
Dat fanne mer ugesiichts vun de virdru genannten Ongläichheeten hei am Land nëmme gerecht. Wien an engem Joer méi wéi 200.000 Euro mat all sen- gen Aktivitéite verdéngt, ma deem deet esou eng Steiererhéijung sécherlech manner wéi wéi enger Persoun, déi mam Mindestloun hei am Land muss iwwert d’Ronne kommen an haut an der Moyenne 8,2 % Steiere muss bezuelen. A se géif jo och nëm- men d’Akommes iwwer 200.000 Euro betreffen; also déi Tranchen driwwer.
Natierlech hale mir Piraten och weider dru fest, datt verschidde Liewenskäschten d’Base imposable kéin- ten erofsetzen. Mir sollten eis bei de Méiglechkee- ten, fir d’Base imposable erofzesetzen, virun allem um Wuerekuerf vun engem Duerchschnëttshaushalt orientéieren an déi Liewenskäschten abréngen, déi d’Leit finanziell reell belaaschten. Do falen natierlech d’Kanner drënner an all déi Käschten, déi mat hirem Wuelbefanne verbonne sinn.
Beispiller heifir fënnt ee genuch, ob et elo Schoulma- terial ass, wat d’Kanner brauchen, fir uerdentlech do- heem kënnen ze schaffen, oder d’Käschte vun enger Betreiungsstruktur, wou d’Plaffongen och missten ugepasst ginn.
D’Ofschafe vun de Steierklassen ass, wéi gesot, dat mëttelfristegt Zil. Mee et gëtt och haut scho Mooss- namen, déi bannent kierzester Zäit kéinte vun der Chamber decidéiert ginn. Dës geziilt Moossname musse virun allem de Vulnerabelen an eiser Gesell- schaft zeguttkommen, well eng Gesellschaft ass nëmmen esou staark wéi dat schwächste Glidd. Déi Elengerzéiend falen hei kloer drënner mat engem Taux de pauvreté vu 40 %.
Mir hate scho bei der Budgetsdebatt gefuerdert an enger Motioun, datt de Steierkreditt fir d’Monopa- rentallen endlech muss reforméiert ginn a ganz kloer erhéicht muss ginn.
E weidert Beispill vun ineffikasse Moossname fir Leit, déi Hëllef brauchen, ass am Moment nach d’Alloca- tion de vie chère. 2018 hätten 108.000 Stéit se zegutt gehat. Et hunn awer schlussendlech nëmmen 19.500 Stéit d’Aide wierklech ugefrot. 138 Milliounen Euro huet de Lëtzebuerger Staat sech eleng duerch d’On- wëssenheet vun de Leit erspuert – oder duerch opak Prozeduren.
Mir mussen ophalen, de Leit, déi fir esou Mooss- namen a Fro kommen, duerch Bürokratie de Wee ze verspären a sollten esou schnell wéi méiglech op automatiséiert Léisunge kommen, esou wéi dat beim Kannergeld oder bei den anere Steierkreditter haut schonn de Fall ass.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | Mëttelfristeg och ëm-
setzbar ass d’Ofschafe vun der Witwesteier, also, wou Persounen, déi hire Partner verluer hunn, no dräi Joer aus der Steierklass 2 gehäit ginn. Hei rechent d’Steier- verwaltung iwwregens e Montant vun 350 Milliounen Euro vir fir d’Ofschafe vun der Steierklass 1a. Dee sel- wechte Käschtepunkt – plus/minus 300 Milliounen – géif entstoen, wa mer géifen de Mindestloun steierfräi
maachen, wat eng vun eise Kärfuerderungen ass an déi mer och nach ëmmer hei vertrieden.
Déi Sue kéint een iwwert d’Erhéijung vum Spëtzesteier- saz erakréien. Dës Moossnam wier wirtschaftlech och interessant, fir an der Groussregioun attraktiv ze bleiwe fir d’Salariéen.
(Interruption)
Déi positiv Externalitéiten a Form vun zousätzleche Steierrecettë géifen d’Käschte vun der Moossnam nach eng Kéier offiederen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kommen esou lues zum Schluss. Ech hat a menger Riedezäit leider net vill Zäit, fir nach am Detail op d’Froe vu Klima a Logement anzegoen, déi eis awer och immens um Häerz leien. Zwee Wierder awer do- zou.
An der Klimapolitik sti mer weiderhin zu eiser Iddi vum Klimabonus, mat deem de verantwortleche Kon- sum soll fiskalesch belount ginn.
Am Logement kann ee fiskalesch mat enger Grond- steier op Bauterrain schonn e bëssen eppes bewee- gen. Dofir hu mer och eng Proposition de loi an deem Sënn deposéiert. Well wann ee kuckt, wéi vill Grouss- grondbesëtzer et hei am Land gëtt, da gesäit ee jo, datt een do net immens vill Leit géif treffen.
Des Weidere sollten d’Käschte vu Loyeren a Prêten op den Haaptwunnsëtz méi an den Depensë berück- sichtegt ginn, fir der finanzieller Realitéit vun de Leit Rechnung ze droen. Geneesou muss een d’Fräibeträg nach eemol upassen. Mir hu vum Enregistrement virdru geschwat – et muss ee vun der TVA op der éischter Constructioun schwätzen. Déi sinn net méi un d’Realitéit ugepasst! Et kann net sinn, datt mer um Logement 8 %, 10 %, 15 %, 16 % Croissance hunn alljoers an datt déi nämmlecht Barèmen nach ëm- mer gëllen. Dat geet iergendwou net op, well dat ass eng … U sech: Indirekt huele mer de Leit domadder Geld aus der Täsch.
D’Zil vun der Steierreform muss et sinn, datt d’wirt- schaftlech Leeschtung vu Lëtzebuerg méi Leit zegutt- kënnt an datt méi Leit aus der Mëttelschicht besser um gesellschaftleche Liewen deelhuele kënnen.
Kuerzfristeg hu mer Méiglechkeeten, well d’Sue sinn elo schonns do. Wa mer déi kuerzfristeg Moossnamen nach an dëser Legislatur géifen ëmsetzen, da géife mer scho vill bewierken – an d’Leit waarden dorobber: steierfräie Mindestloun, Erhéijung vum Spëtzesteier- saz, Hëllefmechanismen entbürokratiséieren, d’Steier- klass 1a méi favorabel maachen an de Logement méi an den Depensë berücksichtegen. Et géif 650 Milliou- nen Euro kaschten a 638 Milliounen erabréngen. Ergo hätte mer e Méikäschtepunkt vun 12 Milliounen Euro d’Joer. Dat muss et eis Wäert sinn! Dat musse mer kën- nen am Staatsbudget erëmfannen.
An deenen nächste fënnef Joer brauch et dann eng déifgräifend Reform, an där mer ewechkomme vun eisen almoudesche Gesetzer, déi Singelen an Elenger- zéiender vis-à-vis vu Koppele bevirdeelegen; Gesetzer, déi nach quasi vun der Kierch matgeschriwwe gou- fen …
(Interruption)
… a komplett vergiessen, wéi d’Realitéit haut um Terrain ass. Alternativ, falls d’Regierung dat net wëllt maachen, verweisen ech op eis Partnervermëtt- lungsagentur, déi mer op piraten.lu eropgesat hunn, nämlech: „Däi Partner fir d’Steierklass 2“!
Ech soen Iech Merci.