Débat de consultation au sujet du Rap- port du Fonds spécial de soutien au déve- loppement du logement

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. De Minister huet haut eng Diskussioun ugefouert, déi mer schonn eng Kéier an änlecher Form haten och zum Rapport, soudass vill Virriedner och nach eng Kéier op dee selwechte Constat agaange sinn. A sech ass et e bësse wéi esou eng Widderhuelung zënter zéng Joer: Et kënnt allkéiers dee selwechte Problem, dee jidderee a sech bei de Constaten huet, firwat de Logement net fonctionéiert, a mir zielen hei allkéiers nach eng Kéier déi schéinste Geschichten. Mee ech mengen, fir d’Leit dobaussen ännert sech awer net wierklech eppes oder zumindest net genuch. Well dat misst jo awer jiddereen unerkennen.

Kuckt een déi aktuell Situatioun, da sti mer virun enger Zënshausse an do muss een dann awer trotzdeem och nach drop kucken, dass elo scho vill Leit Problemer hunn, fir hir Kreditter iwwerhaapt ze kréien. Ech schwätzen elo emol net vum Bezuelen, wann d’Zënsen am Logement an d’Luucht ginn, mee dovunner, dass am Moment emol vill Leit, déi gären e Logement géife kafen, guer net d’Méiglechkeet hunn, fir deen ze ka- fen, well se einfach hir Kreditter net méi kréien.

A firwat ass dat esou? Ma well zum Beispill d’lescht Joer d’Präisser nach eng Kéier ëm 12,8 % an d’Luucht gaange sinn. An dat ass eeben de Problem, deem ee ganz kloer entgéintwierke muss a wou d’Regierung an eisen Aen awer keng Brems konnt aleeën, well d’Präisser hir vill méi schnell dovulafen, wéi si iwwer- haapt mat hire Fongen – oder soss iergendeppes – ka bauen oder dergéintwierken.

Elo sinn d’Materialkäschten nach guer net matabe- graff, bezéiungsweis wéi schnell een elo iwwerhaapt nach Verspéidungen op deenen eenzele Projeten kritt, déi de Staat mécht oder déi ee privat mécht, soudass déi ganz Kris sech eigentlech nach wäert zou- spëtzen. Wat mer haut diskutéieren, wäert d’nächst Joer warscheinlech schonn erëm méi schlëmm sinn an dat Joer drop nach eng Kéier méi schlëmm.

De Minister huet et virdrun ugedeit: Hei zu Lëtze- buerg hu mer elo 1,6 % erreecht. Dat ass eigent- lech eng Datz, wann een dat vergläicht mat 34 % an Holland oder 26 % an Éisträich oder domat, wéi de Sven virdrun erkläert huet – ech wousst et net, mee en huet mer dat virdrun nach eng Kéier erkläert –, dass Singapur zum Beispill op 80 % ass. Dat ass e ganz interessante Projet, deen déi bruecht hunn, fir dass d’Leit awer mam Logement kënne virukommen, well si hunn e bëssen dee selwechte Phenomeen ge- hat wéi mir. Grad well et och e Bankestaat ass, deen dee Problem hat, sinn déi elo op 80 % komm, a se kënnen awer doduerjer hire Leit hëllefen.

De Statec selwer huet jo och gesot, an do kommen déi Fongen net no, egal wéi ee Fong de Minister elo erauspléckt, dass mer 129.000 nei Wunnenge bräich- ten. Dat sinn der 6.500 d’Joer. Egal, wéi Der déi Fon- gen dréit a kéiert, vu lénks no riets, vun uewen no ënnen, Dir kommt einfach net no mat bauen. Dat ass ee vun de Constaten, déi een aus deem ganze Rap- port kann zéien.

An do hu mer zweeërlee Gruppe vu Clienten. Mir hunn op där enger Säit déi Clienten, déi e Logement sichen a schaffe ginn, awer sech trotzdeem um fräie Marché näischt méi kënne leeschten. An dat sinn dann och déi, déi meeschtens op de Wee wëlle goen, fir sech eppes ze kafen, wat ech verständlech fannen. Wann ee seng Famill huet, wann ee sech eppes op- baue wëll, da wëll een och eppes kafen, da wëll ee vläicht och de Kanner dat herno weiderginn. Dat ass fir eis Piraten ganz legitimm, dass ee sech am Lie- wen eppes opbaut, an et sinn déi Clienten, déi mer mussen am Logement kréien. Dat ass dann herno de Wee vun engem Mietkauf, op deen ech herno nach eng Kéier zréckkommen.

Op där anerer Säit hu mer awer dann de locative Logement, dee mer mussen ausbauen. Dat sinn déi Leit, déi éischter vun engem sozialen Transfert all Mount liewen a sech leider och näischt wäerte kënne leeschte fir ze kafen an deementspriechend éischter op d’Locatioun ginn. Mee béides ass awer am Mo- ment e ganz raren Artikel.

Mir Piraten sinn dofir der Meenung, dass vill méi muss gebaut ginn, dass d’Virkafsrecht an de Ge- menge vill méi oft muss gezu ginn. Also, wa mir ge- sinn, wat fir schéin Terrainen oder Projeten een do kéint maachen an da ginn d’Gemengeréit hin a se zéien d’Virkafsrecht net an da geet iergendee Pro- moteur drop an da baut zu engem Präis, deen herno souwisou bal kee sech méi leeschte kann, dann ass dat ee vun deene ganz grousse Problemer. Fir eis misst et a sech emol d’office esou sinn, dass d’Virkafs- recht spillt, an duerno misst een dann emol aner Pro- zedure maachen, ier et grouss un d’Promoteure geet, well do ass de Problem, dass deen Terrain herno sou- wisou verluer ass an déi meescht sech do souwisou näischt kënne leeschten.

An do si mer och bei de Baugeneemegungen. Do si mir Piraten och der Meenung, dass déi net méi soll- ten duerch de Buergermeeschter eleng oder iwwer- haapt duerch de Buergermeeschter stattfannen, mee dass all Gemeng sollt en eenzele Kommitee kréien, deen dat ganz neutral a laangfristeg kuckt an net just iwwert déi kleng Mandatsperiod, bezéiungsweis de Buergermeeschter déi eenzel Favoritten do huet, dass mer do e Kommitee hätten, deen dat ganz neu- tral géif maachen, well ech gesinn et jo bei eis an der Gemeng. Da kéinte mer ganz aner Projete maachen, wéi dat am Moment de Fall ass.

Dat selwecht gëllt fir d’Terrainen a bei den eidele Wunnengen. Do si mir der Meenung, dass déi Fon- gen alleguerte ganz schnell un déi Terraine musse

kommen, well ee vun de Problemer ass: Et sinn ak- tuell 3.750 Hektar Bauterrain verfügbar, mee et gëtt näischt drop gebaut. Elo kënne mir esou vill schwät- zen hei, wéi mer wëllen, mee wann näischt drop gebaut gëtt, hëllefe mer kengem dobaussen. Esou einfach ass et! A mir mussen un déi Terrainen, un déi eidel Wunnenge kommen an do kënne mer och ëm- mer vertréischt ginn, dass iergendwann eng Kéier eng Grondsteier vun der Madamm Bofferding wäert kommen, warscheinlech esou zwee Deeg virun de Walen. Nee, d’Leit brauche se elo! Dat schleeft schonn immens laang an do musse mer higoen …

M. Dan Kersch (LSAP) | O!
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, Dir kënnt „O!“ soen:

Wou ass se dann, Är Grondsteier? Also ech mengen …

(Interruption)

Nee, Här Kersch, Dir maacht, wéi wann Dir eréischt gëschter an d’Regierung komm wiert. Ech mengen dee Problem, dee mer haut hei diskutéieren …

M. Sven Clement (Piraten) | En ass säit gëschter net méi an der Regierung.

M. Dan Kersch (LSAP) | Ech hunn näischt gesot.

M. Marc Goergen (Piraten) | Ma Dir hutt Iech dach elo opgereegt. Dee Problem, dee mir hei diskutéie- ren … Dat ass jo awer Är Regierung, déi elo schonn esou laang am Amt ass. Wéi ech hei virdrun d’Ried vun der DP héieren hunn, hunn ech gemengt, déi hätten ni eppes mat der Regierung ze di gehat. Déi schéinste Spréch, déi schéinste Fuerderungen. A firwat setze se se dann net ëm? Ech sinn och der Meenung, et soll een d’Ministèren zesummendinn, et kann een eppes méi digital maachen, jo, dat géif ech direkt ënnerschreiwen. Mee d’DP hat souguer de Logementsminister – elo ass et eng aner Partei –, …

(Interruption)

… mee 10.000 Wunnengen hu se deemools ver- sprach, an et ass näischt komm! Mee bon.

(Interruption)

M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance | Här Goergen, normalerweis adresséiert ee sech un d’Chamber, mee vu dass Dir Iech un den Här Kersch adresséiert hutt, ginn ech vläicht och dem Här Kersch d’Wuert fir ze reagéieren.

M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, well ech soen duer- no nach eppes, wat ech opgeschriwwen hunn. Da kann e sech nach eng Kéier opreegen. Mee loosst en emol kommen.

(Hilarité)

M. Dan Kersch (LSAP) | Här President, merci fir d’Wuert. Mee fir eng Kéier, wou ech näischt gesot hunn an direkt ugeschwat ginn, wëll ech awer dann dem Här Goergen just soen, dass ech net seng Mee- nung deelen, dass d’Leit elo onbedéngt d’Grondsteier brauchen. Dat ass iwwerhaapt net dat, wat d’Leit zu dësem Moment fuerderen, mee d’Leit fuerderen, wéi Der et richteg gesot hutt, Wunnengen. A Grondsteier- erhéijungen, déi schafe keng Wunnengen. Dat ass emol dat Alleréischt, wat ee muss soen.

D’Grondsteiererhéijung ass een Element vun enger neier Wunnengspolitik, déi dës Regierung mécht, net méi an net manner. Dat ass op jidde Fall d’Positioun vun der LSAP.

M. Marc Goergen (Piraten) | Ech si jo frou, dass dat Är Positioun ass. Ech hu jo gesot, et geet drëm, déi eidel Terrainen ze mobiliséieren.

Ech wier just frou gewiescht, Dir hätt se méi schnell ausgeschafft. Et sinn elo scho véier Joer, dass mir Pi- raten hei sinn an dass mer ëmmer vertréischt ginn,

iergendeng Kéier géif se kommen. Bon, se ass eeben

nach net do.

Dann déi aner Geschicht, dat ass déi, wou mir der Meenung sinn, dass zu Lëtzebuerg onbedéngt eng Lex Koller (ndlr: loi fédérale suisse limitant l’acqui- sition d’immeubles par des personnes à l’étranger) komme muss. Et kann net sinn, dass de Logement hei zu Lëtzebuerg op eemol en Invest fir Fonge weltwäit ass, déi mengen, si géifen hei déi gréisste Plus-value maachen. Jo gutt, mat 12 % d’Joer kann een och vun enger grousser Plus-value schwätzen. Dat maacht Der op der Bourse net méi. Mee dat musse mer awer ver- hënneren: Mir mussen higoen an eng Aart Lex Koller kréien, fir dass et net méi d’Investisseuren aus dem Ausland sinn, déi just hei de Logement opkafen, fir herno kënnen e méiglechst grousse Benefiss eraus- zezéien, an d’Leit, déi hei wunne sollen, déi kréien dat net.

A fir nach weider Terrainen ze mobiliséieren – ech hat dat och schonn e puermol hei ugedeit –, si mir fir eng Leasingsformule. Mir verstinn, dass Familljen oder Leit, déi Terrainen hunn, déi net onbedéngt wëlle ver- kafen. Dat ass och hiert gutt Recht. Do kéint een awer op eng ganz modern Leasingsformule goen, dass se déi fir eng gewëssen Zäit zur Verfügung stellen an aner Leit da kéinten dohinnergoen an dann hir Wun- neng do baue – bezéiungsweis si selwer bauen – an déi dann an enger Aart Leasing ass.

Déi ganz Geschicht, fir iwwerhaapt méi ze maachen an net onbedéngt ëmmer …, well mir si kee Fan vum Ëmmer-nëmme-Loyer-Bezuelen, well et muss een et jo och esou gesinn: Alleguerten déi Leit, déi an enger prekärer Situatioun si mat deem Loyer, dee se bezuelen: Wa se eng Kéier eraus sinn, hu se näischt méi dervun. Dee Loyer, deen ass dann zwar schéin op de Staatskonten, wann et e Staatsgebai war, mee si selwer hunn awer näischt dovun, dat heescht, si hu sech eigentlech guer näischt opgebaut, woumat se herno eppes maache kënnen.

Dofir si mir Piraten ganz kloer der Meenung, dass mer mussen an de Mietkauf goen. De Mietkauf fonc- tionéiert esou: zéng Euro de Meterkaree, dass Der dat wärend zéng Joer als eng Aart Loyer bezuelt, an dann hutt Der Äre Mietkauf an no zéng Joer kënnt Dir et da kafe bezéiungsweis dee Prêt an dann hutt Der dat schonn als Startkapital, well da sidd Der scho bei Ären 20, 30 %, déi d’Banke froen, an da kënnt Der dat Haus, dat Appartement selwer an engem Miet- kauf kafen. Dat wär eng vill méi fair a sozial Léisung, wéi de Bierger éiweg e Loyer bezuelen ze loossen an herno steet en dann ouni iergendeppes do.

Wat fir eis an deem Mietkauf ganz wichteg ass, wann déi Fongen dat maachen, ass, dass et net zréck op de private Marché geet. Ech hu virdru vum Virkafsrecht geschwat, mee awer och vun engem Virkafsrecht, dass, wa Sozialwunnengen oder bezuelbare Wunn- raum …, well ech hu jo virdrun déi zwee verschidden Typpe vu Clienten opgezielt. Et muss net ëmmer so- zial sinn. Et gëtt ganz vill Leit mat engem ganz gudde Gehalt, bei deenen ee sech hautzudaags emol iwwer- haapt net méi virstelle kann, dass déi iwwerhaapt keng Prête méi kréien, dass déi eebe bezuelbare Wunnraum iwwert de Staat brauchen, well se soss keng aner Méiglechkeet méi hunn, an dass déi, déi awer an engem bezuelbare Wunnraum wunnen an herno erausplënneren, aus wéi engem Grond och ëmmer – Kanner kritt oder d’Kanner erausgeplën- nert –, … dass awer déi Wunnengen, Haiser herno direkt un de Staat zréckginn.

An eis Positioun ass dofir och ganz kloer, dass de Staat selwer immens vill muss bauen, vill méi wéi elo, an dass mer net de Promoteuren dee ganze Marché iwwerloossen däerfen.

D’Aarbecht vun de Fongen ass richteg, dofir hu mer och d’Motioun matënnerschriwwen. Natierlech geet se eis net wäit genuch. Mir hätte gäre vill méi so- zialen a bezuelbare Wunnraum, wou de Staat oder d’Gemengen oder en aneren Träger, deen hinnen ën- nersteet, baut, fir dass d’Leit endlech emol eng Wun- neng kréien a se net mussen an en anert Land wunne goen, fir iwwerhaapt en Daach iwwert dem Kapp ze hunn.

Dofir wäerte mir Piraten der Regierung och als Part- ner zur Säit stoe fir alles, wat se mécht am Rame vun engem bezuelbare Wunnraum, fir dass d’Leit endlech en Daach iwwert de Kapp kréien.

Merci.

M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research
Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun