DDos-Attack vum 10te Januar

Den 31ten Dezember gouf et Problemer mat der elektronescher Ënnerschrëft op myGuichet.lu, deen doduerch net méi disponibel. De CTIE huet méi spéit matgedeelt, dass et e Problem beim externe Prestatairen Luxtrust gouf. A menger parlamentarescher Fro vum 2te Januar hat ech zu dësem Virfall schonn eng Rei Froe gestallt.

E Freideg, 10te Januar, gouf et am Nomëtteg bei verschiddenen Online-Servicer groussflächeg Stéierungen. Méi spéit huet de CTIE confirméiert, dass et tëscht 13.05 Auer a 14.55 Auer eng DDos-Attack gouf. Dowéinst waren d’Sitten, déi vum CTIE gehost ginn, zäitweis net erreechbar, dorënner och myGuichet a “Gouvernement.lu”. Awer och de Site vu Luxtrust war net méi erreechbar an dat och no 14.55 Auer nach net.

Eis gouf zougedroe, dass et och bei de Banke gréisser Problemer dowéinst goufen a vill Finanztransaktiounen net konnten duerchgefouert ginn. Dëst huet net nëmmen d’Banke selwer betraff, mee natierlech och Privatpersounen a Betriber, déi an doduerch keng Transaktioune konnte maachen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Kann d’Ministesch confirméieren, dass och Luxtrust vun der DDos-Attack betraff war?
  2. Wéi kënnen d’Betriber hei zu Lëtzebuerg méi séier a besser iwwert esou Attacken informéiert ginn, fir dass si sech fir esou Fäll besser kënnen opstellen?
  3. Wéi héich schätzt d’Ministesch de wirtschaftleche Schued, deen duerch dësen Ausfall entstanen ass, besonnesch well vill Finanztransaktiounen an engem Zäitraum vu méi wéi 2 Stonnen net méiglech waren?
  4. Ass d’Ministesch der Meenung, dass duerch déi awer ëmmer méi heefeg Attacken op de CTIE a Luxtrust, dës riskéieren, zu engem Schwaachpunkt an eiser digitaler Infrastruktur ze ginn?
  5. Duerch dës Attacken op de CTIE a Luxtrust weist sech ëmmer méi dacks, wéi séier net nëmme staatlech Demarchen op Site wéi myGuichet, mee och wichteg Finanztransaktioune vun eiser grousser Finanzplaz, kënne wärend Stonne blockéiert ginn an esou zu groussem wirtschaftleche Schued kënne féieren.Huet de Ministère scho Pläng ausgeschafft, fir déi vun dësen zwee Acteuren ausgoend digital Vulnerabilitéit vu Lëtzebuerg méi kleng ze maachen? Wa jo, kann d’Ministesch heizou Präzisioune ginn? Wa nee, firwat net?
  6. Ass de Ministère der Meenung, dass Luxtrust als kritesch Infrastruktur misst klasséiert ginn a mei staark Moossname missten ergraff ginn, fir zukünfteg Attacken ze evitéieren?

Zesummenhang posts

Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an
De Phänomen vum “Caller ID Spoofing”, bei deem d’Uruffer-ID manipuléiert gëtt fir eng falsch Identitéit virzeginn, stellt eng ëmmer méi grouss Gefor fir d’Privatsphär
Rezent Berichter an der Press hunn e Fall vun engem orthopädesche Chirurg thematiséiert, deen de 22. Januar 2026 vun der Gesondheetsministesch provisoresch suspendéiert gouf,