Cum-Ex Geschäfter zu Lëtzebuerg

An de leschte Méint goufen nei Detailer iwwert d’Cum-Ex Skandaler an Däitschland bekannt. D’fréier Haaptermëttlerin Anne Brorhilker huet Ufank Januar 2025 op déi weider bestoend Geforen an dësem Beräich higewisen. Si huet ënnerstrach, dass betrügeresch Cum-Ex Geschäfter nach ëmmer méiglech sinn an och nach ëmmer praktizéiert ginn, well d’Banken an d’Steierberoder hir elektronesch Donnéeën op aussereuropäesche Servere späicheren, wou d’Enquêteure keen Zougrëff drop hunn.
Am Kontext vun der enker Verflechtung vun eise Finanzmäert mat deenen däitschen, a well Lëtzebuerg als wichtege Finanzzenter besonnesch op d’Integritéit vu senge Finanzinstituter ugewisen ass, ass et wichteg ze verstoen, wéi eng Moossnamen hei am Land geholl gi sinn, fir änlech Praktiken ze verhënneren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Mesurë goufen a ginn zu Lëtzebuerg geholl fir Cum-Ex-Geschäfter ze verhënneren an opzedecken?

  2. Besteet zu Lëtzebuerg eng gesetzlech Obligatioun fir Banken a Steierberoder, hir elektronesch Donnéeën zu Lëtzebuerg oder an der EU ze späicheren? Falls net, plangt d’Regierung eng entspriechend Obligatioun anzeféieren?

  3. Wéi gesäit den Informatiounsaustausch mat den däitschen Autoritéiten am Fall vu Verdacht op Cum-Ex-Geschäfter aus?

  4. Gëtt et zu Lëtzebuerg Unzeechen, dass Cum-Ex-Geschäfter nach ëmmer praktizéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1905

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen