Cotisatiounen un Centres de compétences

Duerch een Accord tëscht der Fédération des Artisans, dem OGBL an dem LCGB gouf 2015 an engem Règlement grand-ducal festgehalen, dass 0,5% vun der Masse salariale annuelle un d’Centres de compétences bezuelt gëtt, fir esou Formatioune fir d’Handwierksbetriber ze finanzéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Verschidde Formatioune gi vun de Centre de compétences proposéiert, am Endeffekt dann awer net organiséiert, wëll eng gewëssen Unzuel u Participanten net erreecht ka ginn.

• Wat ass d’Mindestzuel un Léit, déi sech musse mëllen, fir dass eng Formatioun organiséiert gëtt?

• Wéi steet de Minister zu der Iddi, dass verschidde Formatiounen, och wann se déi néideg Unzuel u Participanten net erreechen, no enger gewëssen Zäitspan awer organiséiert ginn, falls sech eenzel Léit ëmmer erëm fir dës Formatiounen ageschriwwen hunn?

  1. Zum Neistart Lëtzebuerg gehéiert och een ökologesche Volet. Esou solle Privatléit vu méi héije Subventioune kënne profitéieren, wann si d’Energieklass vun hirem d’Haus oder hier Wunneng wëllen opbesseren, zum Beispill duerch eng verbessert Isolatioun. Ginn an dësem Kader scho Formatioune fir Handwierksbetriber organiséiert?  Falls jo, wéi eng? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3106

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu