D’Piratepartei veruerteelt de Gebrauch vu ‘Faux Indépendance’ am kommunale Secteur.
De Minister behaapt, hien hätt keng Kenntnis, obwuel Gemengen ëffentlech esou Poste mat prekäre Kontrakter ausschreiwen.
D’Piratepartei veruerteelt op dat Schärfst de Gebrauch vu “Prestation de services”-Kontrakter fir kommunal Déngschtleeschtungen. Dës Praxis dréckt d’Leit an d’Prekaritéit, well si als “Faux Indépendants” keng sozial Ofsécherung wéi Kankeschäin, bezuelte Vakanz oder sozial Bäiträg vum Patron kréien.
Ausléiser ass eng rezent Annonce vun der Gemeng Déifferdeng, déi Begleeder fir de Pédibus sicht. D’Annonce stellt explizit kloer, datt et “keen Aarbechtskontrakt” ass, mee eng “Zesummenaarbecht a Form vu ‘prestation de services'”.
Eng Praxis, déi d’Piraten ëmmer erëm ukloen
Dëst ass net déi éischte Kéier, datt d’Piratepartei prekär Aarbechtsverhältnisser am (para-)ëffentleche Secteur opdeckt. Schonn 2022 hunn d’Piraten iwwer parlamentaresch Froen (QP 5699 & 5700) op de Mëssstand vun “Null-Stonne-Kontrakter” an de Maisons Relaisen higewisen. Och deemools housch et vun den zoustännege Ministeren, si hätte keng Kenntnis vun esou enger Praxis.
Als Reaktioun op dës Äntwerten huet den Deputéierte Sven Clement d’Gesetzespropositioun 8147 agereecht, fir dës Zort Kontrakter kloer ze verbidden an e Minimum vun 10 Aarbechtsstonne pro Woch ze
garantéieren.
Minister Gloden ouni Kenntnis vun der Realitéit
An enger neier parlamentarescher Fro (QP 3028) huet de Sven Clement de Mëssstand vun de “Faux Indépendants” am kommunale Beräich thematiséiert. D’Äntwert vum aktuellen Inneminister, Léon Gloden, ass fir d’Piratepartei net ze akzeptéieren. De Minister behaapt, hien hätt keng Kenntnis vun esou Fäll vu “Faux Indépendance” an de Gemengen. Hie stellt esouguer d’Behaaptung op, “praktesch d’Integralitéit” vum Personal an de Betreiungsstrukture wier normal agestallt a sozial ofgeséchert.
“D’Piratepartei veruerteelt dës Ignoranz vis-à-vis vun der Realitéit”, esou de Starsky Flor, ee vun de KoKoordinateure vun der Piratepartei. “Wéi kann de Minister behaapten, hie wéisst vu näischt, wann eng grouss Gemeng dat ëffentlech ausschreift? Dat ass den ‘Uber’-Modell, deen hei am ëffentlechen Déngscht applizéiert gëtt – bezuelt mat Steiergelder. D’Regierung mécht d’Ae grouss op fir e Sozialdumping, deen an eisen eegenen Institutioune stattfënnt.”
Absurd Fuerderung no enger ‘Autorisation d’Etablissement’
D’Piratepartei kritiséiert och d’Ausso vum Minister, datt esou e “Prestataire” eng “Autorisation d’Etablissement” (Handelsermächtegung) misst hunn, fir legal ze schaffen.
“Dat ass komplett absurd”, seet de Starsky Flor. “D’Piratepartei hält et fir eng Farce, datt e PédibusBegleeder sech elo als vollwäertegen Entrepreneur aschreiwe soll, just fir Kanner sécher iwwert d’Strooss ze hëllefen. Dëst weist, wéi wäit d’Regierung vun der Realitéit vun de Leit ewech ass.“
D’Piratepartei fuerdert en direkten Enn vun dëse prekäre Kontrakter. All Personal, dat ëffentlech Aufgaben an enger Gemeng iwwerhëlt, muss e fairen Aarbechtskontrakt mat voller sozialer Ofsécherung
kréien.