CFL-Luetstruktur opmaachen

Context:

Gesetzesprojet n°8322

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Am Koalitiounsprogramm vun 2018-2023 hat sech déi vireg Regierung verflicht, fir de Busreseau (RGTR) bis 2030 emissiounsfräi ze maachen duerch den Ausbau vun enger Flott vun Elektrobusser. Dës Moossnam ass och am Klima- an Energieplang (Moossnam n°414) festgehalen, zu deem dës Regierung sech bekennt.
  • Mam Gesetzesprojet n°8322 soll “la mise en place progressive des infrastructures de chargement pour les bus électriques” an “une augmentation globale de 25% sur dix ans du coût de l’entretien du parc électrique par rapport au parc diesel en raison du coût engendré par le remplacement des batteries” finanzéiert ginn.
  • D’Luetstatioune vun den CFL stinn aktuell nëmmen den CFL-Busser zur Verfügung, wat net sënnvoll ass, well de Risiko besteet, dass Luetstatiounen duebel nieftenee gebaut ginn, aplaz eng gemeinsam Struktur a Synergien ze notzen. 

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. fir d’CFL-Luetstatiounen, do wou et méiglech ass, fir all Busoperateuren opzemaachen, soudass all Elektrobus Stroum op dëse Bornë lueden a bezuele kann.

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun