Bezierkskongress Osten 2024 

Den Donneschden, den 18ten Abrëll 2024, um 19h00 hunn d’Piraten hiren Bezierkskongress Osten ofgehalen am Kulturhuef Bistro (54 route de Trèves L-6793 Grevenmacher). 

Um Programm vum Kongress war:

  1. Begréissung an Erëffnung duerch den Daniel Frères, Ost-Koordinator sortant, a Marc Goergen, Deputéierten a Koordinator
  1. Wal vun der Kongressleedung 
  1. Wal vum Bezierkscomité fir déi nächst 2 Joer (Kandidaturen via ahoi@piraten.lu oder per Post) 

ee Koordinator 
een Tresorier 
weider Comitésmemberen 

  1. Wal vun 2 Keessepréifer  
  1. Divers 
  1. Owesiessen (Flatrate) 

Folgend Leit goufen an de Bezierkscomité gewielt:

  • Claude Legrand – Koordinator
  • Joël Krack – Spriecher
  • Chloé Timmermann – Spriecherin
  • Claire Houdremont – Trésorière
  • Gerald Contreras
  • Daniel Frères 
  • Marco Gomes 
  • Stéphane Duprel
  • Patric Hoss

Zesummenhang posts

Wéi schonn a virege parlamentaresche Froen (n°2156 oder 3426) erkläert, verrechne vill profitorientéiert Crèchen a Foyeren den Elteren integral ee gewëssene Stonnesaz pro Woch
Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een
Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun