Benzinskäschte vu Ministerautoen

Virum Hannergrond vun der Deierecht vum Diesel, Bensinn a Mazout bezuelen d’Bierger a Biergerinnen aktuell vill méi op der Pompel ewéi och fir Brennes, wei dëst nach virun e puer Méint de Fall war.

Ob Basis vun engem Interview zu den Déngschtween vum deemolege Minisiter Etienne Schneider wollte mir eis mat der parlamentarescher Fro n°1825 iwwert d’Benotze vun Déngschtween vu Ministeren renseignéieren.

A senger Äntwert huet de Minister op d’Section 9 vum Arrêté grand-ducal modifié du 14 novembre 2014 fixant les règles déontologiques des membres du Gouvernement et leurs devoirs et droits dans l’exercice de la fonction verwisen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill “frais directs encourus lors du déplacement” hunn d’Ministeren zanter dem Untriede vun hirem Mandat fir privat Trajeten mat hiren Déngschtween rembourséiert?  

  2. Wéi vill “frais directs encourus lors du déplacement” hunn d’Ministeren zanter dem Untriede vun hirem Mandat fir privat Trajeten am Ausland mat hiren Déngschtween rembourséiert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6028

Äntwert

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen