De Moment besteet am Beräich vum Gesondheetswiesen ee Personalmangel. Dowéinst ass de Rekrutement vu qualifizéiertem Personal wichteg, och bei den Infirmieren an den Infirmièren. Zënter der Covid 19-Pandemie ass och de Sujet vun der mentaler Gesondheet ëmmer méi wichteg ginn, grad well no der Pandemie méi Leit wéi virdru mat mentale Problemer ze kämpfen hunn.
Fir sech als Infirmier oder Infirmière psychiatrique ze spezialiséiere, muss eng interesséierte Persoun no hirer Ausbildung als Infirmier oder Infirmière en soins généraux weider Studie maachen. Fir eng Spezialisatioun als Infirmier oder Infirmière psychiatrique muss een, wann een dat hei am Land wëll maachen, ee BTS Spécialisé Infirmier psychiatrique maachen (120 ECTS, also 2 Joer Vollzäitstudium).
An der Belsch gëtt dogéint eng reng theoretesch Formatioun (Qualification en Santé mentale et psychiatrie) vun 150 Stonnen op der Haute École de Namur-Liège-Luxembourg ugebueden, woubäi d’Persoun no dëser Formatiou keng Autorisation d’exercer kritt.
Hei am Land gëtt den Diplom aus der Belsch, mengen Informatiounen no, aktuell awer vollwäerteg vum Héichschoulministère unerkannt, deen der Persoun eng Equivalenz ausgestellt, wouropshin dës Persoun vum Gesondheetsministère eng Autorisation d’exercer fir Lëtzebuerg kritt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat erkennt den Héichschoulministère dës vergläichsweis kuerz theoretesch Formatioun als vollwäerteg Ausbildung un, wärend een hei am Land e ganze BTS fir déi selwecht Unerkennung absolvéiere muss?
-
Wéi kann et sinn, dass déi Formatioun vun 150 Stonnen Theorie hei am Land enger Persoun eng Equivalenz an domat och eng Autorisation d’exercer erméiglecht, obwuel dëst an der Belsch, ëmmerhin dem Ausbildungsland dat dës Formatioun ubitt, net de Fall ass?
-
Ass hei an Zukunft eng Upassung geplangt, fir dësen dach groussen Ënnerscheeder an der Ausbildung Rechnung ze droen?
-
Wéi wëllen d’Ministèren eng gutt Qualitéit vun der Prise en charge bei enger Formatioun garantéieren, déi just 150 Stonnen ëmfaasst, wärend déi aner e Vollzäitstudium vun 2 Joer ëmfaasst?
QP Nummer 7562