Ausbau vun der A4 op 3 Spueren?

De Finanzminister huet a senger Budgetsried widderholl, dass d’Autobunnen A3 souwéi d’A6 op dräi Spueren ausgebaut ginn. Laanscht d’Autobunn A4 vun Esch an d’Stad wäert d’Schnelltramlinn gebaut ginn. Vun engem Ausbau op dräi Spueren vun der A4 ass aktuell näischt annoncéiert ginn, och net am nationale Mobilitéitsplang 2035.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Gedenkt d’Regierung, d’Autobunn A4 vun Esch an d’Stad op dräi Spueren auszebauen? Falls nee, firwat net? Falls jo, kann d’Ministesch Detailer heizou liwweren?

Fro n°1330

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt