Affekot fir Kanner a Jugendlecher – Nofro

Den Artikel 18 vum Jugendschutzgesetz gesäit vir, dass de Mannerjäregen, seng Elteren oder d’Persounen, déi d’Garde hunn, een Affekot fir d’Kand kënne bestëmmen oder beim Jugendriichter ufroen, dass een zur Verfügung gestallt gëtt. An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1589 huet d’Justizministesch Präzisiounen zu dësem Recht gemaach.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Ministesch erkläert, dass déi concernéiert Persounen reegelméisseg iwwert hiert Recht higewise ginn oder beim Greffier um Geriicht dës Informaitoun nofroen kënnen. Reegelméisseg ass net gleichzesetzen mat automatesch oder ëmmer.
    • Kann d’Ministesch garantéieren, dass déi betraffe Persounen ëmmer  vun de Justizautoritéiten iwwert hiert Recht opgekläert ginn?
    • Wéi eng Prozeduren an Dokumenter existéieren, déi sécherstellen, dass déi betraffe Parteien um Ufank vun der Prozedur iwwert hir Rechter opgekläert ginn (z.B. duerch d’Ausdeele vun enger Brochure)?

  2. “A konfliktuelle Fäll nennt de Jugendriichter oft vu sech aus een Affekot bevir d’Affär iwwerhaapt an d’Sëtzung kënnt an och ouni dass d’Parteien eng däraarteg Ufro un d’Jugendgeriicht gestallt hunn.”
    Dës Praxis ass esou net am Artikel 18 virgesinn. Den Artikel 18 schreift vir, dass d’Demande (also d’Initiativ), fir een Affekot ze bestëmmen, vun de betraffene Parteien ausgeet. Den Artikel gesäit am Text keen Initiativrecht fir de Jugendriichter vir, fir vu sech aus, ouni d’Demande vun de Parteien, een Affekot ze wiehlen.
    • Wéi eng aner gesetzlech oder jurisprudenzial Dispositiounen existéieren, déi deem Jugendriichter dëst Recht zougestinn a wéi wierken dës op d’Recht vum Artikel 18?
    • Muss den Artikel 18 ofgeännert ginn, fir déi gängeg Praxis, wéi d’Ministesch se beschreift, ze legaliséieren?

  3. Am Fall, wou de Jugendriichter een Affekot fir ee Mannerjärege genannt huet, kann de Remplacement vum Affekot gefrot ginn. Fir dass de Jugendriichter dësem Remplacement zoustëmmt, muss awer e Grond do si firwat de genannten Affekot remplacéiert soll ginn.
    • Wéi ass dës Praxis, déi d’Justizministesch beschreift, konform mam Artikel 18?
    • Hunn d’Parteien an dësem Fall also net d’Recht vu sech selwer den Affekot wiesselen?
    Falls jo, beschränkt dës Praxis d’Recht vum Artikel 18?
    • Wat sinn d’Krittären vun engem “Grond” fir den Affekot z’ersetzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1779

Zesummenhang posts

D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier
D’Situatioun an den USA weist elo schonns alarméierend Entwécklungen am Beräich vun der Wëssenschaft. Wéi aus dem Artikel “Wie Trump den Wissenschaftsstandort USA in