Aféierung vun neie Päss mat enger Lafzäit vu 10 Joer

Aktuell kënne lëtzebuergesch Staatsbierger nëmme Päss mat enger Lafzäit vu fënnef Joer ufroen, wat am Géigesaz zu der Praxis a ville Nopeschlänner an aneren EU-Memberstaate steet, déi Päss mat enger Validitéit vun zéng Joer ubidden. De fréieren Ausseminister hat virun de Walen 2023 ugekënnegt, datt d’Aarbechte fir d’Aféierung vun neie Päss, inklusiv der technescher Bereetschaft an der néideger Gesetzgebung, bis d’Joer 2025 ofgeschloss solle sinn.   Dëst Zil gouf awer verpasst, an d’Aarbechten un der Verlängerung vun der Lafzäit op zéng Joer sinn am Retard. Wéi aus rezente Medieberichter ervirgeet, huet de Ministère confirméiert, datt weider Informatioune viraussiichtlech eréischt am Laf vum Joer 2026 matgedeelt ginn, ouni awer konkret Grënn fir dës Verspéidung oder en neien Zäitplang ze nennen. Eng Verlängerung vun der Validitéit wier besonnesch fir lëtzebuergesch Bierger, déi am Ausland liewen an dacks wäit Réckweeër fir d’Erneierung op sech huele mussen, eng grouss Erliichterung.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn déi genee Grënn, firwat den ursprénglech viséierten Datum vun 2025 fir d’Aféierung vum zéngjärege Pass net konnt agehale ginn?

  2. Wéi gesäit den aktuellen an detailléierten Zäitplang aus, a wéini kënne lëtzebuergesch Bierger konkret domat rechnen, Päss mat enger Validitéit vun zéng Joer unzefroen?

  3. Op wéi eng spezifesch “nei Modalitéiten”, un deenen de Ministère schafft, bezitt sech d’Ausso vum Porte-Parole, a wéi ënnerscheeden sech dës vun deenen ursprénglech geplangten Upassungen?

  4. Besteet d’Problematik vun der limitéierter Garantie vun den elektronesche Komponenten (Chips), déi an der Vergaangenheet als Ursaach fir déi fënnefjäreg Lafzäit genannt gouf, nach ëmmer, oder gouf mëttlerweil eng technesch Léisung fonnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3517

Zesummenhang posts

Rezent Medieberichte vum RTL thematiséieren d’Diskussioun iwwer d’Aféiere vun Unisex-Toiletten an den ëffentlechen Infrastrukturen, besonnesch an de ländleche Lycéeën. An dësem Kontext gëtt an
De Phänomen vum “Caller ID Spoofing”, bei deem d’Uruffer-ID manipuléiert gëtt fir eng falsch Identitéit virzeginn, stellt eng ëmmer méi grouss Gefor fir d’Privatsphär
Rezent Berichter an der Press hunn e Fall vun engem orthopädesche Chirurg thematiséiert, deen de 22. Januar 2026 vun der Gesondheetsministesch provisoresch suspendéiert gouf,