D’Adem mellt an hirem Rapport zum Mount September, dass 3258 Mënsche mat engem Statut spécifique bei hinnen als demandeurs d’emploi ageschriwwe sinn. Dovun 1651 Persounen, déi als Salariés handicapés oder als Salariés handicapés et à capacité de travail réduite ageschriwwe sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Zu Lëtzebuerg musse 5% vun de Posten am ëffentlechen Déngscht vu Persoune mat engem Statut de salarié handicapé besat ginn. Sinn déi 5% vu Salariés handicapés am ëffentlechen Déngscht iwwerall erfëllt? Falls net, firwat net?
-
Och fir de privat Secteur ginn et Virgaben. Esou muss zum Beispill eng Firma mat méi wéi 300 Mataarbechter 4% vun hire Poste mat Persoune mat engem Statut de salarié handicapé besetzen. Falls een Employeur d’Quot net erfëllt, muss hien dem Staat 50% vum Mindestloun vun engem Employé iwwerweisen.
• Wéi vill privat Betriber halen sech net un déi Gesetzlech festgeluechte Quoten?
• Wéi vill Employeuren hunn dës Strof respektiv dësen Ausgläich dëst Joer schonn un de Staat bezuelt? Muss dëse Montant eemol am Mount oder eemol am Joer un de Staat iwwerwise ginn?
• Wat fir Moossname gesäit de Staat fir, fir d’Betriber zum Anhale vun de Quoten ze motivéieren?
QP Nummer 3122