Steierhannerzéiung: Apdikter(innen) ënnert der Lupp

Reporter.lu beriicht am Artikel Les ventes au noir des pharmacies (11.6.2021) dovunner, dass sech eng Rëtsch Apdikten hei am Land am grousse Stil dem Steierbedruch schëlleg gemaach hunn an dat ënnert anerem duerch Venten um Schwaarzmaart.

Des Weidere stellt d’Journalisteplattform fest:
“Les jugements seront en revanche transmis au ministère de la Santé pour une inscription dans le registre professionnel que tiennent les services de la ministre Paulette Lenert.”

D’Apdikten hei am Land sinn ee Service public, wat bedeit, dass si eng Konzessioun vum Staat zougesprach kruten. Am Règlement Grand-Ducal vum 27te Mee 1997 steet am Artikel 10 geschriwwen:
“La concession pourra encore être retirée dans les cas suivants: […]3. si le concessionnaire n’offre plus les garanties matérielles ou morales nécessaires à la bonne gestion de la pharmacie.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Déi genannte Gesetzesverstéiss werfen d’Fro op, ob déi Betraffen nach déi néideg “garanties morales” fir eng Konzessioun presentéieren. Kruten déi vun der Justiz schëlleg geschwaten Apdikter(innen) hier Konzessioun vun der Santé entzunn? Falls nee, firwat net?

  2. Wéi eng Konsequenzen huet d’Regierung aus dëse Bedruchsmasche gezunn? Wat fir eng Moossnamen huet d’Regierung geholl, fir d’Kontrollen am Secteur ze verbesseren? Wéi gouf mat de concernéierten Acteuren ëmgaangen?

Zousätzlech hunn mir am Kontext vun der aktueller Pandemie: an enger Question urgente dës Fro gestallt:

Dierfen déi vun der Justiz schëlleg geschwaten Apdikter(innen) nach zertifiéiert Covid-Tester ausstellen?

D’Urgence gouf net unerkannt an d’Froe wäerten dofir am regulären Delai vun engem Mount beäntwert ginn.

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4464 +4463

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt