keng Openthaltsgeneemegung trotz enger fester Aarbechtsplaz – Nofro

An der parlamentarescher Fro n°2993 hunn ech dem Minister eng Rei Froe gestallt zu Persounen, déi trotz enger fester Aarbechtsplaz a reegelméissegem Akommes keng Openthaltsgeneemegung zu Lëtzebuerg kréien. 

Dozou huet och d’Fro gehéiert, wéi vill dem Ministère bekannt wieren, wou Persounen trotz enger fester Aarbechtsplaz keng Openthaltsgeneemegung kruten. Dem Minister seng Äntwert op dës Fro war déi Follgend: “Et ass net ëmmer kloer wéini een vun enger ‚fester‘ Aarbechtsplaz ausgoe kann, oft sinn d’Leit déi an der Illegalitéit schaffen och net korrekt beim Centre commun vun der Sécurité sociale affiliéiert.” 

Dës Äntwert ass awer leider net vollstänneg a gëtt keng Informatiounen iwwert Persounen, déi net nëmmen eng fest Aarbechtsplaz haten, mee och regulär bei der CCSS ugemellt sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll sinn dem Ministère bekannt, wou Persounen trotz enger fester Aarbechtsplaz an enger korrekter Umeldung beim Centre commun de la sécurité sociale keng Openthaltsgeneemegung kréien?

  2. De Minister schreift a senger Äntwert, datt vun 2021 bis 2024 insgesamt 156 Persounen iwwer de Forum ONG regulariséiert goufen. Kann de Minister eng Opschlësselung no Joer ginn, an erklären:
    • Wéi vill Demandë goufen et insgesamt an deem Zäitraum ?
    • Wat ass an der Moyenne d’Beaarbechtungszäit fir esou eng Regularisatioun?
    • Wéi vill Demandë goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3110

Zesummenhang posts

Am Kader vun der weiderer Ausbreedung vun der asiatescher Harespel (Vespa velutina) an der Gefor, déi dës fir eis lokal Biodiversitéit an eis Beienzuucht