Demandë fir Projetssubventioune beim FCI

Et gouf u mech erugedroen, datt de Fonds Climat et Energie (FCI) momentan keng nei Demandë fir Projetssubventioune vun ONGen unhëlt, well se sech an enger Phas vun Evaluatioun a Reorganisatioun am Hibléck op eng nei international Klimafinanzéierungsstrategie 2026-2030 befanne géifen, déi fir Enn 2025 geplangt ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang wäert dës Suspendéierung viraussiichtlech daueren a wéi eng Moossname ginn ergraff fir sécherzestellen, datt dës Mesure déi lafend Aarbecht vun den ONGen net negativ beaflosst?

  2. Wéi vill Dossieren, déi schonn eragereecht goufen, sinn nach an der Beaarbechtung, a wéi eng Ressourcë ginn zur Verfügung gestallt fir ze garantéieren, datt dës Dossieren ouni weider Verspéidung traitéiert ginn?

  3. Wéi ass d’Ënnerstëtzung fir ONGe garantéiert, déi op Klimafinanzéierung ugewise sinn, wärend där Period wou keng nei Projetssubventiounen accordéiert ginn?

  4. Wat sinn déi genee Krittäre fir den Agrement, deen zukünfteg vum Ministère verlaangt gëtt, a wéi vill vun den aktuellen ONGen, déi mam FCI schaffen, verfügen iwwer dësen Agrement? 

  5. Wat ass konkret bei der Entwécklung vun der neier Strategie fir d’international Klimafinanzéierung 2026-2030 virgesinn a wéi wäerten Interessevertrieder, besonnesch d’ONGen, an dëse Prozess agebonne ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2143

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen