d’Piraten maachen sech staark fir den TICE

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung an Auslagerung ze vermeiden. Déi finanziell Ënnerstëtzung vum TICE dierf net gekierzt ginn.

Hei ass ee klengen Iwwerbléck iwwert eis Chambersaarbecht zum TICE an deene leschte Joren.

Schonns während de Chamberswalen hate mer d’Virgefill, dass et beim TICE zu Verännerunge wäert kommen. An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro vun deemols huet den deemolëge grénge Minister awer nach behaapt:

“Et gëtt also kee Grond sech Suergen iwwer TICE Mataarbechter ze maachen. Am Géigendeel, de Süden huet sech zu enger dynamescher Regioun mat enke Verbindunge mam noen Ausland entwéckelt, an den TICE, als interkommunalen Transportsyndikat muss der Regioun hëllefen dës Dynamik och an geuerdent Bunnen ze lenken.”

D’Piraten hate gewarnt, datt den TICE, a virun allem d’Aarbechtsbedingungen beim TICE, duerch eng nei Konventioun mam Staat lues a lues ofgebaut gëtt. Ma genee dest schéngt elo anzetreffen: den Nuetstransport fällt ewech (an domadder och Nuetsprimmen vu ville Mataarbechter), et gi Buslinnen un den RGTR ausgelagert an de Schülertransport wäert ab 2026 net méi vum TICE organiséiert ginn.

D’Piraten wäerten sech weiderhinn fir den Erhalt vum TICE staark maachen. Mir hunn eng Motioun an der Chamber deposéiert, an där mir gefuerdert hunn, dass den TICE-Reseau mindestens genausou finanziell ënnerstetzt gëtt wéi d’CFL-Busser. Mir hunn eis och dofir agesat, dass d’Erneierung vun der TICE-Flott mat Gedold gemaach gëtt an déi aktuell Biogas-Busser bis zu hirem Liewensenn genotzt ginn. Dëst géif et erlaben, eng nohaltëg Transportflott ze hunn, ouni sech finanziell z’iwwerwerfen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene