Konventioun tëschent dem Staat an dem TICE

Context:

Gesetzesprojet n°8322

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Tëschent dem Bussyndikat TICE an dem Lëtzebuerger Staat existéiert eng Konventioun, déi de Finanzement vum TICE reegelt an dës Konventioun muss bis Enn vun dësem Joer nei verhandelt ginn;
  • Aus engem Schreiwes vun der Personaldelegatioun vum TICE aus dem Summer 2023 gouf virdru gewarnt, dass verschidde Buslinne beim TICE net méi vum Staat solle subventionéiert ginn;
  • Fir d’Joer 2024 krut den TICE ronn 52 Milliounen Euro zougesprach, mee am Budget pluriannuel fir déi nächst Joren ass keng Erhéijung virgesinn;
  • Mam Gesetzesprojet 8322 kritt d’Busnetz vun den CFL iwwer 10 Joer eng Erhéijung vun 20% zougesprach, fir den ëffentlechen Transport ze stäerken. 
  • D’Membergemengen vum Bussyndikat TICE hunn dëst Joer scho missten d’Méikäschte vum TICE stemmen, woubäi d’Käschte fir verschidde Gemengen ëm ronn 33% erop gaange sinn; 

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. fir den TICE-Reseau, grad esou wéi d’Busser vun den CFL, weider ze fërderen.
  2. bei der Konventioun mam TICE no 2024 keng finanziell Hëllefen ze kierzen, mee dem TICE mindestens déi selwecht Konditiounen an Erhéijungen zouzegestoen, wéi der Busflott vun den CFL. 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene