An den Äntwerten op meng parlamentaresch Fro n°1113 a n°1362 huet de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung iwwer d’Situatioun vun der Gestion Locative Sociale (GLS) informéiert. De Minister huet bestätegt, datt e Moratoire op de Loyere besteet an datt d’Proprietären informéiert goufen. Zousätzlech gouf matgedeelt, datt déi nei Struktur “HUT – Hëllef um Terrain” d’GLS wéilt weiderféieren an datt de Ministère eng nei Konventioun mat dëser Struktur preparéiert. Trotzdeem stellen sech hei nach ëmmer verschidde Froen.
- D’Caritas war selwer Proprietär vun enger ganzer Rei u Wunnengen. D’Caritas huet dobäi vun der Aide à la pierre profitéiert. Wat waren deemools d’Konditioune fir dass si vun dëser Aide à la pierre konnte profitéieren?
- Sinn dës Wunnengen nach am Besëtz vun der Caritas oder goufen dës op d’HUT iwwerdroen?
- Ginn dës Wunnengen aktuell nach verlount?
- Wa jo, ënnert wat fir engem Gestionnaire ginn dës de Moment verlount?
- Wa nee, wat ass fir d’Zukunft mat dëse Wunnenge geplangt?
- An der Äntwert op d’Fro n° 1362 huet de Minister geäntwert: “Aktuell funktionéiert de System scho vollstänneg. Aktuell musse just Kontrakter tëschen den implizéierte
Parteien adaptéiert ginn, wat awer keen Afloss ob d’Fonctionnement vun dem System Gestion locative sociale huet.”Eis gouf zougedroe, dass verschidde Proprietairen bis haut awer nach ëmmer keen neie Kontrakt ugebuede kruten. Bis wéini sollen dës Aarbechten definitiv ofgeschloss sinn? - Ee vun de Verspriechen, fir datt Proprietären hir Wunnengen an d’GLS ginn, ass datt de Loyer garantéiert ass. Sou schreift d’Regierung selwer op Logement.lu: “Louer votre bien en collaboration avec un partenaire conventionné, est non seulement un acte social, mais apporte aussi de nombreux avantages:
LOYER GARANTI
En signant le bail avec un partenaire conventionné, le paiement du loyer est garanti sans faute tous les mois, même en cas de non occupation.”
Eis gouf och zougedroe, dass verschidde Proprietairen zënter e puer Méint a bis elo och nach ëmmer keng Loyere kritt hunn, obwuel d’HUT dës Aktivitéiten entretemps schonn iwwerholl huet. D’Versprieche vum garantéierte Loyer gëtt de Moment als gebrach.Wéini wäerten déi bis elo all nach ausstoend Loyeren un d’Proprietairen iwwerwise ginn? Firwat gëtt et hei e Retard beim Ausbezuelen?