Nofro zum Verbuet vun Déierepelzer

Virun e puer Joren haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverkafsverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng Motioun (n° 3031) proposéiert, an där d’Regierung opgefuerdert gouf, de Verkaf vun Zuuchtpelzer ze verbidden. Dës Motioun gouf net vun de Majoritéitsparteien ugeholl. 

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5214 hat den deemolegen Landwirtschaftsminister dunn informéiert, dass hien den 28te Juni um EU-Agrarministerrot, zesumme mat 5 anere Ministeren, eng Initiativ iwwert de Verbuet vun der Pelzdéierenzuucht an der EU virgestallt huet. “Dës Delegatioune waren sech eens, dass d‘Haltungskonditioune vun de Pelzdéieren net kompatibel mat minimalen Ufuerderungen un den Déiereschutz sinn, dass d’Zuucht an d’Déiden vun Déieren nëmme fir hire Pelz ethesch net vertrietbar sinn, an dass dofir d‘Pelzdéierenzuucht an der EU sollt progressiv verbuede ginn. […] Eng ganz Rei vun EU-Memberstaaten ënnerstëtzen ee Verbuet vun der Pelzdéierenhaltung an der EU”.

Zum aktuellen Zäitpunkt reegelt d‘lëtzebuergescht Déiereschutzgesetz, dass d’Produktioun vu Pelzer zu Lëtzebuerg verbueden ass. Dës Reegelung verbitt awer net de Verkaf vu Pelz, deen aus dem Ausland importéiert gëtt. Deemno gëtt d’Pelzindustrie an déi domadder agoend Déierequälerei just an aner Länner verlagert.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Kann d’Ministesch informéieren, wéi de Stand vun der Initiativ iwwert de Verbuet vun der Pelzdéierenzuucht an der EU ass? 
    Wéi vill Reuniounen goufen et zënter der Äntwert op d’Fro 5214?
  2. Ënnerstëtzt déi aktuell Regierung d’Demarche vun der Virgängerregierung?
  3. Wéi eng Partnerlänner huet de Minister identifizéiert, déi d’Approche vum Pelzverbuet deelen?

Fro Nummer 1277

CHD-Link

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene