D’Pirate fuerderen ee Verkafsverbuet vu Pelz an der Chamber

An der Chamberssëtzung vum 24ten Oktober 2019 hunn d’Piraten eng Motioun agereecht, déi zum Zil huet, de Verkaf vum Pelz nach an dëser Legislaturperiod ze verbidden. Zousätzlech fënnt op Demande vun der Piratepartei de 19ten November eng Aktualitéitsstonn statt, fir d’Thema mat den anere Parteien an der Chamber ze diskutéieren. D’Pirate freeën sech iwwert den Débat a wënschen sech vun der Chamber ee klore Jo fir méi Déiereschutz.

Zum aktuellen Zäitpunkt reegelt d‘Déiereschutzgesetz vun 2018 zwar, dass d’Produktioun vu Pelzer zu Lëtzebuerg verbueden ass, verbitt awer de Verkaf nach net. Dat ass an den Ae vun de Piraten net zilféierend, well d’Pelzindustrie an domat d’Déierequälerei esou just an aner Länner verlagert gëtt.

D’Ëmstänn, deenen d’Déieren an der Pelzproduktioun ausgesat sinn, si konträr zu der Würd vum Déier, déi Lëtzebuerg mam Déiereschutzgesetz vun 2018 unerkannt huet. E Verbuet vum Pelzverkaf ass also just den nächste logesche Schrëtt am Déiereschutzdossier, fir ze verhënneren, dass duerch de Verkaf vu Pelzproduiten um lëtzebuergesche Marché an anere Länner eng Industrie ënnerstëtzt gëtt, déi Liewewiesen onerträgleche Qualen an domat absolut onwierdege Konditiounen aussetzt.

D’Piratepartei wëll de Verkaf vu Pelzer zu Lëtzebuerg mat Hëllef vum Artikel 36 vum Traité zum Fonctionnement vun der EU verbidden, fir esou den Déiereschutz ze stäerken. No enger Transitiounsphas vun 2 bis 3 Joer soll de Verkaf vu Pelzer zu Lëtzebuerg definitiv zu Enn goen.

Nodeems d’Regierung schonns aner Iddien, wéi z.B. de gratis ëffentlechen Transport ugekënnegt hat (eng Mesure, déi d’Piraten 2013 an hirem Wahlprogramm haten an dofir vollstens ënnerstëtzen), krut Lëtzebuerg op der ganzer Welt vill Unerkennung fir dëse couragéiese Schrëtt. Ee Pelzverkafsverbuet wär fir de Nation Branding vum Grand-Duché ee weidere Pluspunkt. Et däerf een net dorop waarden, dass aner Länner an Europa de Wee virginn, mee Lëtzebuerg kann den Dënschde selwer aktiv ginn an doduerch anerer motivéieren, de Wee vum Déiereschutz matzegoen.

Iwwerdeems huet och d’PETA sech ëffentlech zu der Motioun geäussert a schreift, dass Lëtzebuerg mat engem Pelzverkafsverbuet eng Virreiderroll an Europa a Saachen Déiereschutz anhuele kéint.

D’Piraten hoffen dofir den Dënschden op ee grousse Konsens an der Chamber a wënschen sech vun alle Parteien ee klore Jo zu dëser Motioun.


Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene