Wunnprojet “Eucosider” zu Péiteng – zwee Joer duerno an…?

Am Péitenger Zentrum, net wäit vun der Gare, läit eng 5 Hektar grouss Parzell mat der Kadasternummer 1177/8197, déi zënter Joren dem Staat gehéiert. Dës Parzell ass, zesumme mat den Terraine ronderëm, am PAG als Wunnzon klasséiert an se gëtt souguer am Plan directeur sectoriel « logement » als zone prioritaire d’habitation opgefouert.

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro virun zwee Joren (n°5766) krute mer d’Informatioun, dass ronn 400 Wunnengen op den Eucosider kéinte stoe kommen. Ech stellen allerdéngs fest, dass op där Parzell bis haut nach keng eenzeg Wunne gebaut gouf.

  1. Wéi ass de Wunnprojet Eucosider zënter menger leschter parlamentarescher Fro weiderkomm? Wat fir eng Reunioune goufen et, wat fir eng Etüde goufe realiséiert a wéi eng Aarbechte goufen um Site gemaach?
  2. An der Äntwert op meng lescht Fro gouf geschriwwen:
    De Site ass zwar un den CR175 ugebonnen, mee doriwwer eraus momentan schlecht erschloss. De Gabarit vun der Strooss ass vu Péitenger Säit kommend extrem ageschränkt duerch d’Brécken ënnert der Eisebunn, a momentan fir de Schwéierverkéier am beschten iwwert e laangen Ëmwee, vun Nidderkuer kommend, ze erreechen.
    […] An dem Kontext wier et méiglech, d’Ubannung vun dësem Site wesentlech ze verbesseren, andeem z.B. déi aktuell Eisebunnsënnerféierung duerch méi e groussen Ouvrage géing ersat ginn. Ausserdem kéint eng bestoend Ubannung un de primäre Stroossereseau westlech vum Site ausgebaut ginn. Zousätzlech misst eng Héichspannungs-Stroumleitung verluet ginn, ier de Site kann entwéckelt ginn.
    Wéi wäit ass een op dëse Punkte vun den Ëmbauaarbechten?
  3. Am Péitenger Gemengerot vum 23te September 2024 gouf informéiert, dass de Site aktuell virun allem als Décharge genotzt gëtt. D’Péitenger Gemeng louhnt den Terrain hei vum Staat fir ee minimale Montant.
    Wat fir eng Sécherheetsbestemmungen gëllen fir d’Décharge?

CHD

Fro n°1225

Zesummenhang posts

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) wäert déi nächst véier Joer eng staatlech Finanzéierung vu ronn 180 Milliounen
An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune
Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier