Wunnprojet “Eucosider” zu Péiteng

Am Péitenger Zentrum, net wäit vun der Gare, läit eng 5 Hektar grouss Parzell mat der Kadasternummer 1177/8197, déi zënter Joren dem Staat gehéiert. Dës Parzell ass, zesumme mat den Terraine ronderëm, am PAG als Wunnzon klasséiert an se gëtt souguer am Plan directeur sectoriel « logement » als zone prioritaire d’habitation opgefouert. D’Weiche sinn also geluecht. Ech stellen allerdéngs fest, dass op där Parzell bis haut nach keng eenzeg Wunne gebaut gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zënter wéini gehéiert d’Parzell 1177/8197 zu Péiteng dem Domaine de l’Etat?

  2. Wou hänkt de Projet? Firwat hunn op deem 5 Hektar groussen Areal net scho längst Bauaarbechten ugefaangen?

  3. Bis wéini gedenkt Regierung déi éischt Wunnengen op dësem Terrain bezuchsfäerdeg ze hunn?

  4. Wéi vill Wunnengen kéinten insgesamt op dëser Parzell entstoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5766

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene