De Fonds Kirchberg ass een ëffentleche Fong, deen dem Ministère fir ëffentlech Bauten ënnersteet. De Fonds Kirchberg ass, esou wéi e selwer op senger Website ugëtt, ee staatlech gelenkten Vehikel, wou Staatsvertrieder vun der Regierung an de Verwaltungsrot gesat ginn.
Aktuell bitt de Fonds Kirchberg de Wunnprojet Kiem2050 un, bei deem Wunnengen um Kierchbierg zu engem “abordabelen” Präis verkaf ginn. Een Appartement mat engem Zëmmer vu 60m2 gëtt fir ronn 600.000€ ugebueden, fir 50m2 bezilt een nach ëmmer iwwert eng hallef Millioun Euro. De Metercarréspräis läit bei dësem “abordabele” Projet 10.000€ pro m2.
Eierlecherweis muss ee soen, dass d’Ministeren am Beispill vun 7.147€ ee Balcon vu ronn 30 Quadratmeter an d’Wunnfläch matarechnen, fir op dee Präis ze kommen. Och dat Appartement kascht mat sengen 112 Quadratmeter Wunnfläch (ouni Balcon) nach 1.060.865,09€, also ronn 10.000€ pro Quadratmeter.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi ännert sech d’Präisfourchette, déi d’Ministeren uginn hunn, wann een d’Balconen aus der Rechnung eraushëllt a reng d’Wunnfläch kuckt?
-
De Fonds Kierchbierg ass keen ëffentleche Promoteur a kritt keng Subventioun oder Finanzéierung vum Staat. Seng Aktivitéiten mussen et him also erméiglechen, genuch Ressourcen ze generéieren fir seng “mission d’utilité publique” ze erfëllen.
• Wéi vill Ar Terrain goufe vum Staat/vum Fong/vun der Gemeng Stad Lëtzebuerg fir de Projet Kiem2050 zur Verfügung gestallt?
• Wéi vill Suen huet de Fonds Kirchberg fir déi Terraine bezuelt?
• Wéi vill Suen huet de Staat fir de Kaf/d’Enteegnung vun dësen Terraine bezuelt? -
Op meng Äntwert zu de Baukäschten hunn d’Ministere geschriwwen:
“De Verkafspräis pro Quadratmeter Kadasterfläch (€/m2SC), dee vum Fonds Kierchbierg festgeluecht gëtt a vum Entwéckler respektéiert gëtt, ass en Duerchschnëttspräis, dee kann bis zu 10% erop oder erof variéieren, soulaang d’Moyenne respektéiert gëtt.”Wéi héich huet de Fonds Kirchberg d’Baukäschte vum Projet ugesat?
Wat ass hei den duerchschnëttleche Baukäschtepräis (Quadratmeterpräis Konstruktioun)?
QP Nummer 989
Nofro
Um Site vum Fonds Kirchberg gouf 2024 informéiert, datt de Fonds Kirchberg selwer 124 vun de 135 Appartementer vum Projet Kiem 2050 zréckkaf huet.
De Fonds Kirchberg ass een ëffentleche Fong, deen dem Ministère fir ëffentlech Bauten ënnersteet an deemno eng ëffentlech Missioun verfollëgt an méi zum Bau vun erschwéngleche Wunnraum sollt bäidroen. Aktuell bitt de Fonds Kirchberg de Wunnprojet Kiem2050 un, bei deem Wunnengen um Kierchbierg zu engem sougenannten “abordabelen” Präis verkaf ginn. An engem RTL-Artikel vum 15te Mee gouf behaapt, datt dës Wunnenge virun allem fir d’Mëttelschicht geduecht sinn.
Een Appartement mat engem Zëmmer vu ronn 60 m² gëtt fir ronn 600.000 € ugebueden. De Metercarréspräis läit domat bei dësem “”erschwéngleche” Projet bei iwwer 10.000 € pro m². Fir do Mol iwwerhaapt ee Prêt ze kréien (35 Joer, 2600€/Mount), brauchen d’Leit ronn 6500€ Akommes. Dëse Metercarréspräis erschéngt ëmsou méi héich, wann ee bedenkt, datt bei dëse Wunnengen de Präis vum Terrain net am Verkafspräis abegraff ass, well d’Keefer d’Appartementer an engem Bail emphytéotique kafen, also den Terrain nëmmen op 99 Joer lounen.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:
- Ass virgesinn, datt déi 124 Appartementer, déi de Fonds Kirchberg am Kader vum Projet Kiem 2050 opkaaft huet, an Zukunft verkaf oder ganz oder verlount ginn?
- Wéi vill vun dësen 124 Appartementer sinn zanter dem Opkaf schonn un nei Proprietairen verkaaft ginn?
- Wéi vill vun dësen 124 Appartementer sinn zënter dem Opkaf schonn un nei Proprietairen verlount ginn?
- Falls dës Appartementer nach net verkaaft oder verlount goufen, wéi vill dovunner stinn aktuell eidel?
n°3801