Wéi héich sinn d’Baupräisser bei der SNHBM géigeniwwer dem Akaf um Privatmarché?

Mir haten nogefrot, wat de Bau vun enger erschwénglecher Wunneng bei der SNHBM géif kaschten a kruten an der Äntwert op eis Fro n°390 d’Äntwert, dass den duerchschnëttleche Baupräis pro m2 Wunnfläch fir d’SNHBM an dem Fonds du Logement bei ronn 5.300 € géif leien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi héich ass de m2-Baupräis fir d’Wunnengen, déi de Staat dëst an d’lescht Joer am Kader vum Opkaf vu VEFA-Projeten akaf huet (Wunnengen, fir déi den Acte de Vente schonn ënerschriwwen ass)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 812

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt