Wéi gutt baut de Staat mat der SNHBM?

De Wunnengsbauminister hat op der Pressekonferenz zum Logement am Januar erkläert, dass eng grouss Unzuel u Wunnenge bei der SNHBM géifen eidel stoen an nëmmen drop waarden, fir bezunn ze ginn. Dofir sollen d’Krittären iwwerschafft ginn, fir dass och Leit mat méi héije Revenuen an de Genoss vun enger ëffentlech finanzéierter Wunneng kënne komme. D’Wunneng ass zwar domadder vläit fort, mee domadder ass leider deenen, déi manner verdéngen, awer nach ëmmer net gehollef, well d’Wunneng net fir si ass.

Wien um Site vun der SNHBM d’Präislëschte vun de Wunnengen duerchkuckt, dee versteet och ganz schnell, firwat och een Normalverdinger hei am Land Schwieregkeeten huet, fir sech eng staatlech subventionéiert Wunneng ze kafen. Beispill: beim Projet Nonnewisen zu Esch kascht een Appartement vun 88m2, mat alle Bäihëllefen, déi ee kréie kéint, nach ëmmer 440.000€, also ronn 5.000€ / m2. Wichteg unzemierken ass, dass den Terrain dem Keefer natierlech net gehéiert, mee dëse weiderhin am Besëtz vun der ëffentlecher Hand bleift, ënnert dem Regime vum Erbpachtrecht (Emphyteos). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich sinn déi duerchschnëttlech Baukäschten (ouni Terrain) pro Meter Carré, fir een Appartement vun 80m2 bei der SNHBM a beim Fonds du Logement?

  2. Wéi vill Suen huet de Bau vun deenen eenzelne Wunengen beim Projet Nonnewisen zu Esch kascht?
    Wéi vill Subsiden huet d’SNHBM am Kader vun dësem Projet u Subsiden fir all eenzel Wunneng zegutt?
    Wéi vill Subsiden huet d’SNHBM an dësem Projet fir d’Acquisitioun an d’Viabiliséierung vum Terrain a fir Architektenhonorairen zegutt?
    Ass beim Projet Nonnewisen een Ecart do tëschent de Verkafspräisser vun den Appartementer (Prix de vente subventionné TTC) an de Käschte vum Projet, nodeems een d’Subsiden ofgezunn huet?

  3. Fir ëffentlech Wunnengen gëllt ee Virkafsrecht vum Staat. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°7325 vun 2022 goung ervir, dass tëschent 2018 an 2022 eng 44 Wunnengen erëm vun der SNHBM zeréckkaf goufen.
    • Goufen dës Wunnengen entretemps erëm verkaf?
    • Kann de Minister ausschléissen, dass dës Wunnengen zu engem méi héije Präis verkaf goufen, wéi d’SNHBM fir hire Kaf bezuelt huet? Falls nee, wéi héich ass den Ecart am Duerchschnëtt tëschent den Akafspräisser a Verkafspräisser a wat ass de Maximum un Ecart, fir deen eng Wunneng verkaf gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 390

Mir hunn eng Nofro zu dësem Thema gestallt:

Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°7325 vun 2022 goung ervir, dass tëschent 2018 an 2022 eng 44 Wunnengen erëm vun der SNHBM zeréckkaf goufen. An der Äntwert op d’Fro n°390 hat de Minister geschriwwen, dass d’SNHBM eng Risikomarge vun 6% op seng Verkafspräisser droprechent, fir dem finanzielle Risiko, deen aus der Schätzung vun de Baukäschten entsteet, an eventuelle Präisrevisioune Rechnung ze droen. 

  1. An der Äntwert op d’Fro n°390 hat de Minister net op d’Fro geäntwert, ob d’Wunnengen, déi d’SNHBM zeréckkaf huet, spéider bei engem weidere Verkaf zu engem méi héije Präis verkaf goufen? 
    Kann de Wunnengsbauminister dëst ausschléissen oder net?
  2. Wéi erkläert de Minister, dass bei verschiddenen SNHBM-Wunnengen, déi um Internetsite annoncéiert waren an déi vun der SNHBM zeréckkaf goufen, Präisënnerscheeder vu 50.000€ oder méi zoustane kommen?
  3. Wéi fixéiert d’SNHBM d’Verkafpräisser vun de Wunnengen, déi si iwwert d’Virkafsrecht ofkaf huet?

Fro Nummer 813

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene