Den 13te Mee gouf zu Iechternach ee Wunn- a Geschäftshaus op 19 an der Sauergaass ofgerappt. Dëst Haus, dat op d’Enn vum 19te Jorhonnert op engem Virgängerbau gebaut gouf, huet sech, ënnert Anerem, duerch eng bemierkenswäert Fassad aus gielem a roude Sandsteen an eng Rei vun Arkaden am Rez-de-Chaussée ausgezeechent a gouf dofir schonn 2010 an der „Topographie der Baukultur Echternachs“ vun der Expertin Dr. Christina Mayer als „erhaltenswert“ bezeechent.
Den 22te Februar 2023 huet sech di national Denkmalschutzkommissioun COPAC eestëmmeg fir säi Klassement als Monument national ausgeschwat a bezitt sech dobäi, ënnert Anerem, op déi “vollständig überlieferte, historisierende Hauptfassade”, di benotzte Baumaterialien a Stilelementer aus senger Entstehungszäit.
“”La COPAC émet à l’unanimité un avis favorable pour un classement en tant que patrimoine culturel national de l’immeuble sis 19, rue de la Sûre à Echternach (no cadastral 1494/2213). […]””
Nodeem d’Iechternacher Gemeng de kommunalen Schutz Enn 2022 opgehuewen hat, hat di fréier Kulturministerin dem Propriétaire am Mee 2023 matgedeelt, datt si d’Gebai ënner nationalen Schutz stelle wéilt. D’Auswierkung vun sou enger “Intention de classement” ass immédiat. D’Gebai dierf nët méi ouni Autorisatioun vum Kulturminister verännert ginn. Eng Rei Elementer deiten drop hin, dat ët bei der Fro vum Classement vun dësem Gebai zu Kompetenzstreidegkeeten tëscht der Ierchternacher Gemeng an dem Kulturministère komm ass, déi schliesslech dozou geféiert hunn, datt d’Gebai trotzdeem ofgerappt gi konnt. Dat läit och dorunner, well beim Denkmalschutz d’Gemengen an de Staat net ëmmer un engem Strang zéien. Zum Beispill kann ee Buergermeeschter fir ee nationalt geschütztent Gebai eng Autorisation de destruction ausstellen, mat der Oplag, dass de bestoende Gabarit vum Gebai geschützt gëtt.
Um Enn sinn d’Baggere du gerullt an d‘Gebai ass mëttlerweil nach just ee Koup Steng, esou wéi et och schonn zu Dippech am Februar 2023 geschitt ass mat engem Gebai, deen zanter 2019 an enger Procédure de classement war.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat fir eng Moossname goufe geholl, fir de Verfall vun dem Gebai, dat de 17te Mee 2023 bei engem versichten Ofrappmanöver schwéier beschiedegt gouf, ze verhënneren?
-
Firwat gouf d’Procédure de classement, déi am Mee 2023 vun der Kulturministesch annoncéiert gouf, net ofgeschloss? Op wat fir eng Hindernisser ass de Ministère gestouss?
-
Wat wëll de Kulturminister maachen, fir ze verhënneren, dat sech esou Fäll wéi dësen, oder och dee vum Schlass Eesebuer, oder deen zu Dippech, net méi widderhuelen?
-
An der Äntwert op d’Fro n°7699 betreffend dem Ofrëss vun engem geschützte Gebai zu Dippech hat d’Kulturministesch geschriwwen:
Well den Artikel 117 Punkt 27 vum Denkmalschutzgesetz virgesäit datt d’Net-respektéiere vum Artikel 129 eng penal Infraktioun ass, an heifir och penal Strofe virgesäit ass de Parquet heiriwwer informéiert ginn.D’Gebai zu Ierchternach läit an enger Strooss, déi laut Avis vun der COPAC eng « zone de haute sensibilité archéologique” ass. D’Denkmalschutzgesetz vun 2022 gesäit a sengem Artikel 4 vir, datt
“”tous les travaux de construction, de démolition ou de remblai et de déblai soumis à autorisation de construire ou de démolir planifiés sur un terrain situé dans la zone d’observation archéologique doivent être soumis par le maître d’ouvrage au ministre à des fins d’évaluation des incidences de ces travaux sur le patrimoine archéologique au plus tard au moment de l’introduction de la demande de l’autorisation de construire ou de démolir.””Gouf de Kulturministère am Virfeld vun der geplangter Demolitioun informéiert?
Wäert de Kulturminister de Parquet iwwert eng méiglech Infraktioun am Kader vum Denkmalschutzgesetz informéieren? -
Sollt ee Gebai, wat national geschützt ass, automatesch och vollwäerteg um Gemengenniveau geschützt sinn?
QP Nummer 786