Schonns 2022 hate mir eng Propose an der Chamber gemaach, fir dass Locatairen hire Loyer vun de Steieren kënnen ofsetzen. Dës Propose gouf awer vun den anere Parteien an der Chamber ofgeleent.
2024 hu mer et nach eng Keier probéiert:
D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:
- D’Regierung wëll d’Recht op Wunnen an de Virdergrond stellen;
- Aktuell bevirdeelegt déi lëtzebuergesch Steierpolitik d’Proprietären, déi d’Zënse vun hiren Immobiliëprête souwéi den Amortissement accéléré kënne vun hirer Steierlaascht ofsetzen;
- D’Locatairen hunn aktuell keng Méiglechkeet, fir hier Wunnkäschten vun hire Steieren ofzesetzen.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:
- d’Méiglechkeet auszeschaffen, fir de Loyer bis zu engem bestëmmte Plaffong kënne vun der Akommessteier ofzesetzen.