Wéi een am The Guardian-Artikel “How Belgian MP turned sleuth to solve London Ulez fine mystery” ka liesen, kënnt eng englesch Firma iwwert illegal Weeër un Date vun europäeschen Autosfuerer. D’Firma Euro Parking Collection sicht sech scheinbar ëmmer nei Beamten an EU-Staaten, déi Accès zum Eucaris-System hunn, an déi hinnen dann Adress a Numm vun deene Leit iwwermëttelen, déi a London gefuer sinn, mee keng Geneemegung fir d’Low Emission Zones haten. Dëst, fir de Leit Protokoller an héischt vun Dausenden Euro Heem ze schécken. Huissieren an der Belsch hätten dëst Geld och schonn agedriwwen. Euro Parking huet awer kee Recht, fir dës Donnéeën ze kréie säit dem Brexit. Een italieeneschen an ee belsche Beamten si scho suspendéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi een an engem aneren Artikel vum 26.01.2024 am The Guardian liese kann:
“”The Guardian can reveal Transport for London (TfL) has been accused by five EU countries of illegally obtaining the names and addresses of their citizens in order to issue the fines, with more than 320,000 penalties, some totalling thousands of euros, sent out since 2021.””Ass Lëtzebuerg hei drënner?
Ass der Regierung bekannt, wéi vill Geld vun Transport for London, respektiv Euro Parking, zanter dem Brexit bei Lëtzebuerger Residenten agedriwwe ginn ass? -
Lëtzebuerg huet mat enger ganzer Réi Staate bilateral Conventiounen ofgeschloss, déi den Echange vun Donnéeën an esou engem Fall erméigleche kënnen. Dee Moment sinn et dann déi auslännesch Autoritéiten, déi de Bréif op Lëtzebuerg schécken. Mat England gëtt et eises Wëssens no awer keng Post-Brexit Conventioun.
Krut d’Police hei am Land Demande fir Protokoller vun Euro Parking aus England u Lëtzebuerger Residentë weiderzeleeden? Wa jo, ëm wéi vill Protokoller handelt et sech heibäi? Sinn d’Police an de Justizministère iwwert des Affär um Courant?
-
Ass oder wäert eng Nott un d’Aarbechter:inne goen, déi Accès op den Eucaris-System hunn, fir se op déi englesch Firma an d’Affär opmierksam ze maachen?
QP Nummer 256