Den Zuch, deen ni koum (CFL)

Ville Passagéier, déi vill mam Zuch fueren, ass opgefall, dass an de leschte Wochen eng Rëtsch Zuchverbindunge wéinst “raisons opérationelles” ausgefall sinn. Wéi am L’essentiel ze liesen ass, ass d’Streck tëschent Esch/Uelzecht an Audun-le-Tiche a béide Richtungen zou, dat wéinst ze ville Krankeschäiner bei den Zuchbegleeder.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi vill Zich sinn, opgeschlësselt pro Mount, am Joer 2023 gefuer? 
  2. Wéi vill Zich sinn 2023, opgelëscht no Mount, ausgefall?Wéi vill dovunner si bedéngt duerch d’Absence vum Lokféierer oder Zuchbegleeder ausgefall?
  3. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1639 vun 2019 krut ech verschidden Zuelen zur Personalsituatioun bei de Lokféierer, dorënner de Personalbestand, d’Zuel vun den Neiastellungen, d’Zuel vu Kënnegungen, d’Unzuel un Iwwerstonnen an d’Zuel u gestrachene Roudeeg. Kann d’Ministesch dës Tableaue mat den Zuele fir d’Joren 2020 bis 2023 ergänzen, mat enger Opdeelung tëschent Zuchbegleeder a Lokféierer?
  4. Wéi huet sech d’Unzuel u Krankeschäiner tëschent vun de Joren 2018 bis 2023 entwéckelt bei de Lokführer a bei den Zuchbegleeder?
  5. Ass d’Ministesch der Meenung, dass déi aktuell Personaldecken duergeet, fir déi aktuell an déi zukünfteg Unzuel u Prestatiounen vum Passagéiertransport ze garantéieren?

Fro Nummer 165

Mir hunn der Ministesch op Basis vun hiren Äntwerten hei driwwer e puer Nofroen gestallt:

  1. An der Äntwert op meng viregt Fro huet d’Ministesch erkläert, dass nëmmen 2,6% vun den Zich ausgefall sinn, well Personal (Lokféierer oder Zuchbegleeder) gefeelt huet. Dat wiere ronn 260 vun 10000 Zich.Wéi vill Zich sinn ausgefall wéinst Personalgrënn insgesamt (inclus den Absencë vu Lokführer oder Zuchbegleeder)?
    Wat sinn déi aner Grënn sinn, firwat Zich ausgefall sinn?
  2. Bei de Krankeschäiner ass eng Hausse festzestellen, souwuel bei den Zuchbegleeder wéi och bei den Zuchführer. Dëst ass ëmsou méi erstaunlech, well den Taux d’absentéisme mol net an de Jore vun der Pandemie 2020 an 2021 esou héich war. Méi Krankeschäiner kënnen een Indicateur sinn fir Onzefriddenheet, Onwuelsinn a méi schwieregen Aarbechtsbedingunge vum Personal.Kann d’Ministesch fir den Tableau aus der viregter Fro absolutt Zuelen zu de Krankeschäiner presentéieren (Unzuel un Deeg)?
    Wéi erkläert d’Ministesch d’Hausse vun de Krankeschäiner?
  3. Zum Personalbestand: Wéi vill Lokführer an Zuchbegleeder waren an de Joren 2020 bis 2023 (opgeschlësselt no Joer) op mannst ee Mol am Statut “inapte” a konnten deemno net hirer Aarbecht nogoen? Goufen dës Lokführer an Zuchbegleeder an der Statistik vun der viregter QP n°165 mat agerechent?
  4. Oft kritt een als Passagéier bei Verspéidungen oder annuléierte Verbindungen d’Informatioun, dass “raison opérationnelles” Schold sinn. Wat sinn déi dräi heefegst Grënn, wa vu “raisons opérationnelles” geschwat gëtt?
  5. D’Ministech huet annoncéiert, dass een Astellungsprozess lancéiert gouf, fir de Personalbestand z’erhéijen, well an Zukunft méi Zich solle rullen.Wéi vill méi Zich solle bis 2035 zu Lëtzebuerg rullen? 
    Wéi vill zousätzlecht Personal brauch CFL, fir dat méiglech ze maachen (wann een dovunner ofgesäit, dass autonom fuerend Zich bis 2035 eng Realitéit sollte ginn)?

Fro Nummer 387

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de