Europäesch Ausschreiwung – Zuchreseau

D’Europäesch Kommissioun huet am Dezember 2021 en Aktiounsplang adoptéiert, deen d’Promotioun vun Zuchtrajeten iwwer laang Distanzen an domat eng méi nohalteg Mobilitéit virgesäit (Action Plan: boosting long-distance and cross-border passenger rail). De Schinnereseau soll an Zukunft vill besser a méi schnell kennen op de Marché an d’Besoine vun der Bevëlkerung reagéieren. An dësem Kontext huet d’Kommissioun déi national Bedreiwer (op staatlech oder privat) dozou opgeruff, Pläng vu Pilot-Projeten eranzeginn vun neie Verbindungen oder Verbesserunge vun existente Linnen. Aus all dëse Projeten huet d’Europäesch Kommissioun 10 Projeten ausgewielt, déi staark promouvéiert, begleet an ënnerstëtzt solle ginn. An der Lëscht vun de Projete fënnt ee Verbindunge queesch duerch Europa, vu Schweden iwwer Däitschland, Frankräich an zum Beispill och Spuenien an Italien. E Lëtzebuerger Projet ass hei net ausgewielt ginn. Lëtzebuerg spillt an eisen Aen duerch seng zentral geographesch Positioun an Europa awer eng zentral Roll an der Promotioun vu laangen Trajeten a vum intra-europäeschen Zuchreseau. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéiert sech déi nei Regierung betreffend dem Ausbau vun der Offer vu laangen Trajeten an Nuetszich?

  2. Hu mir iwwert eisen nationale Bedreiwer am Kader vum Opruff vun der Europäescher Kommissioun eng Propositioun agereecht?

  3. Falls eng Propositioun agereecht ginn ass: Wéi eng Proposen oder Propositiounen a Verbindunge sinn hei agereecht ginn?

  4. Falls eng Propositioun agereecht ginn ass: Ginn et Iwwerleeungen dës Pläng onofhängeg vun dem Choix op europäeschem Niveau awer ëmzesetzen?

  5. Falls keng Propositioun agereecht gouf: Wéi eng Iwwerleeungen hunn dozou gefouert hei keng Proposen anzereechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 56

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë