Projet de loi 8129, enger Ofän- nerung vum Policegesetz am Kader vun der Koope- ratioun tëschent de Gemengen an der Police

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Merci dem Stéphanie Empain fir dee gudde schrëft- lechen a mëndleche Rapport. Och mir sinn aver- stanen, dass déi Informatioune weiderginn, well et sinn d’Agenten, déi herno um Terrain sinn. An et ass wichteg, dass déi an der Preventioun kënne mathëlle- fen an deementspriechend och an deem Kommitee sinn. Dofir ass dat heiten dee richtege Wee, well et gesäit een et, d’Madamm Bofferding huet et en Dënschdeg gesot, mir haten et virun enger Woch am Gemengerot: Et sinn ëmmer méi Gemengen, déi end- lech d’Reglement ugepasst hunn. An ech ka just roden: Gemengen, maacht virun, well d’Agente brau- chen et um Terrain, d’Police brauch et um Terrain.

Dir hutt de Moyen kritt vun der Chamber, setzt en an de Gemengen ëm, soudass d’Agente kënnen aktiv ginn.

Merci.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen