. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech mengen, ech kéint e bëssen dat widderhuelen,
wat de Claude Wiseler gesot huet, mee ech mengen,
datt et doriwwer erausgeet. Mir brauchen eng kloer
Zweestaateléisung. Dat ass eppes, zu deem sech
Lëtzebuerg scho laang bekannt huet an zu deem och
mir eis reegelméisseg bekannt hunn.
Ech war rezent do. Ech hu souwuel mat Palästinenser wéi mat Israeelie konnte schwätzen. An eppes,
wat ganz kloer ass, ass, datt mer et zumindest musse
méiglech maachen, datt d’Palästinenser mol wiele
ginn. Aktuell gëtt et do en institutionelle Blocage,
well d’Israeelien d’Walen an Ostjerusalem verhënneren an d’Palästinenser soen: „Mir kënne keng Walen ofhalen, soulaang net all Palästinenser och wiele kann!“ Ech mengen, datt dat de Kär vum Problem am Moment ass, deen och en Denouement
vun deem ganze Knuet weiderhin e bësse blockéiert.
Ech mengen, datt ee sech derfir sollt asetzen, datt et
endlech zu demokratesche Wale ka kommen, fir datt
aus där net gewielter Palästinenservertriedung endlech eng gewielte Palästinenservertriedung ka ginn, fir datt een och en Interlocuteur huet, mat deem een tatsächlech op Aenhéicht ka verhandelen an deen och demokratesch legitiméiert ass. Ech mengen nämlech,
datt dat haut leider net de Fall ass.
Dann ass ganz kloer an där Motioun hei d’Siidlungstaktik vun den Israeelien, déi e klore Verstouss géint d’Vëlkerrecht ass. Dat gouf schonn op ville Plaze gesot. Ech mengen, dat muss een net nach eng Kéier widderhuelen. An awer ass et besser, et widderhëlt een esou Saache ganz kloer nach eng Kéier.
D’Motioun vun 2014, do si mer dann erëm bei esou
engem Fall, deen e bëssen üblech ass: D’Chamber hëlt
eng Motioun un – déi hei ass elo aacht Joer al – an da
geschitt näischt! D’Chamber huet mat enger Majoritéit
d’Regierung zu eppes invitéiert an dat geschitt net. Do
musse mir eis awer un der Nues huelen. A wann d’LSAP
seet: „Mir stinn nach ëmmer zu där Motioun“ – ech
mengen, Dir hutt déi nämmlecht Bluttgrupp, zumindest
politesch gesinn –, majo, da suergt derfir, datt dat och
geschitt! Dat ass jo mat enger Majoritéit hei ugeholl
ginn! Da suergt derfir, datt d’Regierung dat och ëmsetzt.
Ech mengen, dat géif der Chamber gutt zu Gesiicht
stoen.
An zur Motioun musse mer eis leider enthalen, well
änlech wéi bei der CSV – a mir gesinn et e bësse
manner staark – stéiert eis awer ganz kloer dodrunner, datt hei ganz eesäiteg Partei ergraff gëtt a virun allem e komplette Blocage vun Israel gefuerdert gëtt.
An ech mengen, et soll een déi zwou Situatiounen net
vergläichen. Mir hunn an der aktueller Situatioun mat
der Ukrain ganz vill Diskussiounen do ronderëm: Wat
sinn déi richteg Sanktiounen? Wéi wäit sollen d’Sanktioune goen? Wéi eng Felder sanktionéiere mer? A wou hält et op? An dës Motioun hei geet wäit doriwwer eraus a fuerdert u sech eng honnertprozenteg Sanktionéierung vum israeelesche Staat. An dat
kënne mir net matdroen.
Ech soen Iech Merci.
- July 31, 2025
- 12:28 pm
- Communiqué, Dateschutz, Digitalisatioun & IT, News
D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi