M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. A
merci dem Chantal Gary. Wat eis besonnesch gutt gefält an deem ganze Projet, ass dat autonoomt Fueren
an d’Assistenzsystemer. Dat war jo och, wéi mer nach
deemools am Cercel driwwer geschwat hunn, ee vun
eise grousse Kritikpunkten, dass dat hei zu Lëtzebuerg
nach net iwwerall esou fonctionéiert, wéi et soll, an
dass déi Autosystemer dat leider nach net richteg verschafft kréien, well d’Schëlder oder d’Markéierungen
net richteg sinn. Dass mer elo endlech op dee Wee
ginn, well dat eeben e Sécherheetsplus ass. A wa mer
2050 iergendeng Kéier dohinnerkommen, dass mer
keng Doudeger méi hunn, ass dat sécherlech och
duerch d’autonoomt Fueren, wou dat méiglech ass.
Merci.
- July 31, 2025
- 12:28 pm
- Communiqué, Dateschutz, Digitalisatioun & IT, News
D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi