Wunnengsbau zu Péiteng: 2 Froen an 2 Äntwerten

Fro n°1:

An 10 Joer ass d’Populatioun zu Péiteng immens gewuess: vu ronn 17’000 Persounen am Joer 2012 op iwwer 20’000 Persounen am Joer 2022. Duerch den héije Bevëlkerungswuesstem huet bekanntlecherweis och d’Demande um Wunnmarché ugezunn: zu Péiteng hu sech d’Quadratmeterpräisser an deem Zäitraum méi wéi verduebelt.

An deem Zesummenhang an op Basis vum Artikel 25 vum Gemengegesetz, huet de Christian Welter folgend Froe gestallt::

  1. Wéi vill Wunnunitéite goufen zënter 2012 an eiser Gemeng gebaut?
  2. Wéi huet sech zënter 2012 de Bestand u Wunnunitéiten entwéckelt, déi fir sozial Zwecker genotzt ginn?
  3. Wéi vill Wunnunitéite goufen zënter 2012 vum Staat, ëffentleche Promoteuren oder der Gemeng gebaut?

Zënter Joren wiisst d’Bevëlkerung an eiser Gemeng. Zënter 2012 goufen, souwéi déi aktuell Gemengeresponsabel mir de 25ten November 2022 op eng schrëftlecher Fro geäntwert hunn, 1290 Wunnunitéiten hei an der Gemeng beigebaut. Trotz dass mer flächeméisseg zu enger vun de klengste Gemengen am Land zielen, wunnen op eisem Territoire Stand haut iwwer 7500 Stéit mat insgesamt eppes méi wéi iwwert 20000 Awunner.

An trotzdeem mécht d’Wunnengskris och net hei an der Gemeng net halt: zu Péiteng hu sech d’Quadratmeterpräisser an de leschten 10 Joren méi wéi verduebelt. An der Ëffentlechkeet sinn d’Stëmmen haart, dass an den nächste Joren méi misst gebaut ginn. Mee Buedem ass eng endlech Ressource an deemno ass grad an eiser flächeméisseg klenger Gemeng iergendwann Schluss mam Baue vun neie Wunnengen.

Hei huet de Christian Welter folgend Froe gestallt::

  1. Wéi vill Stéit a Persounen kéinte maximal an der Gemeng Péiteng wunnen, wann all d’Wunnfläche vum PAG genotzt géife ginn?
  2. Wéi vill Wunnunitéiten kéinten am Aklang mam aktuelle PAG hei an der Gemeng nach maximal beigebaut ginn?
  3. Stinn déi aktuell politesch Responsabel am Schäfferot fir oder géint eng Erweiderung vum aktuelle Bauperimeter?
  4. Stinn déi aktuell politesch Responsabel zu méi héije Bauten an eiser Gemeng (ähnlech wéi dem Gravity Tower zu Déifferdeng? 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene