Déclaration sur l’honneur fir Aide bei de Pellets

Am Kader vun der Tripartite goufe finanziell Bäihëllefe fir Leit mat enger Pelletheizung gestëmmt, fir dësen Haushalter en vue vun de enorme Präissteigerungen ënnert d’Äerm ze gräifen. Dës Hëllefen ginn direkt um Präis vum Fournisseur verrechent. Fir dass de Fournisseur vun de Pellets dës Hëllefe kritt, muss de Client e Formular, eng Déclaration sur l’honneur, ausfëllen. Op dësem Formular sinn d’Angab vun enger ganz Rei vun Informatiounen obligatoresch. Dozou gehéiert och d’Sozialversécherungsnummer vum Client.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Firwat ass et op der Déclaration sur l’honneur obligatoresch, nieft dem Numm an der Adress, och d’Sozialversécherungsnummer un ze ginn, obwuel dës fir eng richteg Zoudeelung a Verrechnung vun den Aide net zwéngend noutwenneg ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7493

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen