Wéi eng Luetstatiounen sinn eligibel fir Subventiounen

Eng Persoun krut eng Subventioun fir eng privat Luetstatioun net accordéiert, well déi vun där Persoun ausgewielte Luetstatioun net de Krittäre vum groussherzogleche Reglement vum 19ten August 2020 iwwert d’staatlech Bäihëllefe fir d’Installatioun vu private Luetstatioune fir elektresch Autoen entsprécht. Den Investissement ass awer gemaach an d’Luetstatioun kann net méi zeréckgi ginn. Et kann duerchaus virkommen, dass d’Bierger net wëssen, ob hier Luetstatioun fir d’Subventioun eligibel ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandë fir eng staatlech Bäihëllef am Sënn vum uewe genannte groussherzogleche Reglement goufen zënter der Aféierung ugefrot? Wéi vill dovunner goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn?

  2. Kann d’Regierung eng Lëscht mat den um Marché erhältleche Modeller u Luedstatiounen verëffentlechen, déi aktuell fir d’Subventioun eligibel sinn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6818

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen