Manktem un AdBlue

Verschidden däitsch Medie mellen, dass d’Hiersteller vun AdBlue an Däitschland an Holland hir Produktioun gedrosselt, respektiv ganz agestallt hunn. AdBlue ass ee Produit, deen de Schuedstoffausstouss verréngert an ouni dee Camionen an och verschidde Busser an Trakteren net kënne fueren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wouhier kommen déi gréisste Quantitéiten un AdBlue, déi zu Lëtzebuerg verkaaft ginn?

  2. Schonn am November 2021 war de Manktem un AdBlue een Thema an Däitschland. Huet de Minister Gespréicher mat sengem däitschen Homolog zu dësem Thema gehat?  Wa jo, wat waren hei d’Resultater?

  3. Gesäit de Minister hei am Land ee Risiko vu Versuergungsenkpäss?  

  4. Hunn déi betraffe Spediteuren, Busgesellschaften a Baueren nach Reserven?  Wa jo, wéi laang géifen dës Reserven duergoen?

  5. Huet de Lëtzebuerger Staat Reserven un AdBlue? Wa jo, wéi héich sinn dës Reserven?  Wéi ginn dës Reserven am Noutfall verdeelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6797

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen