Delaien fir d’Bezuele vun de Steieren

Wéinst der Covid-19 Pandemie goufen 2020 an 2021 d’Delaie fir d’Areeche vun der Steiererklärung fir d’Joren 2019 an 2020 no hanne verréckelt an d’Steierverwaltung war méi nosiichteg wat d’Nobezuele vu Steieren ugaangen ass. Och bei den Delaie fir d’Bezuele vun der TVA war de Staat méi nosiichteg wärend der Covid-19 Kris. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Staat weiderhi méi nosiichteg, wat Delaie fir d’Bezuele vun de Stéieren an d’TVA ugeet? Ginn déi fir d’Joer 2021 an 2022 festgesaten Delaien erweidert?

  2. Wa jo, wat fir konkret Delaie wäerten applizéiert ginn?  Gëtt hei een Ënnerscheed gemaach tëscht de Betriber an de privat Persounen?

  3. Applizéiert d’Steierverwaltung déi monatlech festgehale maximal Limitte fir Saisien op d’Paien oder gëtt och hei méi nosiichteg mat manner héije Montante geschafft?

  4. Gëtt de Leit an de Betriber, am Kontext vun der Energiekris, allgemeng méi Zäit gelooss fir hir Steierscholden ze begläichen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6789

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen