Recette vun der CO2-Steier

D’lescht Joer gouf hei am Land eng CO2-Steier agefouert, dëst am Kader vum nationalen Energie- a Klimaplang Lëtzebuerg fir den Zäitraum vun 2021-2030. D’Recetten aus dëser Steier soll laut offizieller Richtlinn an engem gewëssen Ausmooss och fir konkret Klimaschutzmoossnamen an eng Energiewend mat massiven Entwécklungen am Beräich vun den erneierbaren Energie genotzt ginn. Mir befannen eis aktuell an enger Energiekris mat héije Präisser fir Gas an Elektresch.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat genau ass mat de Recette vun der CO2-Steier bis elo gemaach ginn?

  2. Firwat ass de Mangel un erneierbaren Energien nach ëmmer esou grouss, wann dach Gelder aus dem Energie- a Klimaplang a genau dëse Beräich fléissen?

  3. Sinn d’Ziler bei den erneierbaren Energien a Punkto kWh vun deenen 2 Joer erfëllt ginn?

  4. Opgelëscht op déi nächst 5 Joer (pro Joer) wéi vill Kilowatt un erneierbaren Energien gedenkt d’Regierung ze erreechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6769

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen