Präisser op den Elektrobornen

Op RTL gëtt den Enovos-Direkter an engem Artikel zu den héije Gaspräisser vun haut (31.08) zitéiert. Laut dem Direkter wier dëst Joer de Präis vum Stroum ëm 2,5% an d’Luucht gaangen, fir d’nächst Joer misst ee mat “signifikanten” Haussë vun 30% bis 40% fir Privatpersoune rechnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäerten d’Präisser vum Stroum op den Elektroborne méi deier ginn? Wa jo ëm wéi vill?

  2. Wann d’Präisser an d’Luucht ginn, wäert d’Regierung hei Hëllefe fir d’Konsumenten ubidden, fir dass dës duerch den Ëmstig op een Elektroauto net bestrooft ginn an d’Kafe vun esou engem Auto attraktiv bleift?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6752

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen