Tripartite Luxair

Fir de 26ten September ass eng Tripartite am Aviatiounssecteur virgesinn, fir iwwert Situatioun bei der Luxair ze schwätzen a Léisungen ze fannen. De Minister huet an engem RTL Interview ugedeit, datt doriwwer wäert diskutéiert gi fir de Chômage partiel bei der Luxair net méi virunzeféieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Fir wéi vill Persounen huet Luxair säit Mäerz 2020 Chômage partiel ugefrot (opgelëscht no Mount)?

  2. Wéi vill Persounen huet Luxair detachéiert säit Mäerz 2020 (opgelëscht no Mount)?

  3. Wéi vill Persoune goufe säit Mäerz 2020 entlooss?

  4. Ginn et Fäll, wou op Positiounen vun deenen uewe genannte Gruppen duerch Externer ersat goufen? Wou zum Beispill eng Persoun vum Luxair Personnal am Chômage partiel war, hir Aarbecht awer duerch eng Persoun vun enger externer Firma iwwerholl gouf?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6734

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen