Social Media Accounts vu Ministèren

Den offiziellen Instagram Account vum Energieministère ass duerch Likes vu Posts vu grénge Parteimemberen opgefall. Op de sozialen Netwierker ass et esou, dass all Interaktioun, all “Engagment” d’Räichwäit vun engem Post erhéischt. Duerch een Like vun engem Account gëtt de Post dann vu méi Leit gesinn. An de Froen n°633 an n°948 hat ech scho Froen zu engem Code de Deontologie, deen d’Benotze vu Social Media vun den eenzele Ministere reegelt gestallt. De Premierminister konnt mir dee Moment keng Äntwerten op meng Froe ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi stinn d’Ministeren dozou, dass hei een offiziellen Account vun engem Ministère Contenu vum Parteipresident vum Minister liked?

  2. Ginn d’Ministèren sech Reegele wéi mam Contenu vu Politiker a politesche Parteien ëmzegoen ass? Wa jo, wéi eng? Wa nee, firwat net?

  3. Gëtt hei een Ënnerscheed gemaach tëscht dem Contenu vun der eegener Partei an dem Contenu vun anere Parteien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6803

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen